AVL-Linn 23

Vu Wikipedia
AVL-Linn 23
Fréier Linn 23 a Richtung Beggen/Henri Dunant an der Tréierer Strooss am Gronn
Bouneweg - Eech
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Bouneweg, Demy Schlechter 49°35'41,9885"N, 6°8'36,0992"O
op Eech, Centre Culturel 49°37'44,18"N, 6°7'56,53"O
iwwer Bouneweg, Houwald, Gaasperech, Garer Quartier, Gronn, Clausen, Pafendall, Eech
Bustyp Standardbus
opgaang 11. September 2022
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12.705 m, 13.000 m
Fuerzäit 43 min, 46 min
mëttel Vitess 17,73 km/h, 16,96 km/h

D'AVL-Linn 23 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 11. September 2022 um Trajet Bouneweg, Demy Schlechter - Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech, Centre culturel.

Nodeems d'Busverbindung tëscht dem Gronn a Clausen am Joer 2006 ënnerbrach gouf well un der Strooss geschafft gouf an och well Ausgruewunge gemaach goufen, ass d'Verbindung am Juni 2015 mat der Linn 23 nees opgeholl ginn. De Passage duerch de Gronn bleift awer zanterhier fir den Transitverkéier zou; just d'Bussen an d'Awunner däerfen elo nach duerchfueren.

D'Linn 23 fiert vu méindes bis freides all 20 Minutten. Samschdes a sonndes fiert se all hallef Stonn, woubäi sonndes nëmmen d'Streck vun der Gare bis op Eech gefuer gëtt.

Halten op der Linn 23[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 23 Bemierkung
Demy Schlechter
Willibrord
Pont-Remy
Lycée Bouneweg / LTB
Lycée Bouneweg / PE
Francophonie
Charles Darwin
François Hogenberg
Louis de Froment
Klensch
Al Gaasperech
Bei der Auer
Clemenceau
Richard Wagner
Clemenceau
Millewee
Déportation
Alsace
Gare Centrale Gare Lëtzebuerg
Al Avenue
Stadgronn, Bréck
Rumm
Tour Jacob
Clausener Bréck
Ste Cunégonde
Vauban
Théiwesbuer
Pfaffenthal, Halte CFL Gare Pafendall-Kierchbierg
Sichenhaff
Stade G. Diderich
Eecher Plaz
Eich, Centre Culturel gemeinsamen Terminus mat der Linn 21

Entwécklung vun der Linn 23[änneren | Quelltext änneren]

  • virun 2006: et gouf keng Linn mat der Nummer 23
  • 2006 - 2015: Gare - Gronn an zeréck
  • 01.06.2015 - 14.10.2018: Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech - Beggen
  • 15.10.2018 - 12.12.2020: Bouneweg, LTB - Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech - Beggen, Henri Dunant

Am Oktober 2018 gouf d'Linn am Süden, vu Gaasperech bis op Bouneweg verlängert, fir absënns déi zwéi Quartieren an de Gaasperecher Bann mateneen ze verbannen.

Wéinst dem Tramsschantje am Garer Quartier gouf d'Streck den 3. November 2019 ugepasst; d'Linn 23 fiert zanterhier tëscht der Gare an dem Berliner Wee a béid Richtungen duerch d'Al Avenue

  • 13.12.2020 - 10.09.2022: Bouneweg, LTB - Gaasperech - Gare - Gronn - Clausen - Pafendall - Eech, Centre culturel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 23 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]