15. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
De 15. Oktober ass den 288. Dag (289. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1582: De Poopst Gregor XIII. féiert deen no him benannte Gregorianesche Kalenner an. Dobäi ginn zéng Deeg iwwersprongen. Op donneschdes, de 4. Oktober 1582 (Julianesch), koum direkt drop e Freiden, de 15. Oktober 1582 (Gregorianesch).
- 1793: D'Marie Antoinette gëtt vum franséische Revolutiounsgeriicht zum Doud verurteelt.
- 1815: Den Napoleon Bonaparte kënnt op der Insel St. Helena un wou e bis zu sengem Doud am Exil muss liewen.
- 1879: Lëtzebuerg kritt säin éischte Code pénal.
- 1894: Ufank vun der Dreyfus-Affär: De franséischen Offizéier Alfred Dreyfus gëtt wéinst Spionage verhaft.
- 1940: Dem Charlie Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 1963: De Konrad Adenauer gëtt seng Demissioun als Bundeskanzler.
- 1990: De Michail Gorbatschow kritt de Friddensnobelpräis.
- 2003: China schéisst d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem Taikonaut Yang Liwei an den All. Et ass domat dat drëtt Land op der Welt dat ee bemannte Weltraumfluch gemaach huet.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1861: De schweedeschen Astronom Per Magnus Herman Schultz entdeckt den Duebelstär NGC 18.
- 1884: De franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt d'Spiralgalaxie NGC 105.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1975: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wien, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 2:6 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun a Paul Philipp geschoss.[1]
- 2008: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[2]
- 2013: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Coimbra (Portugal), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:3 géint Portugal.[3]
- 2018: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an der Stad an engem UEFA-Nations-League-Match 3:0 géint San Marino. Den David Turpel, den Danel Sinani, an de Vincent Thill hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.[4]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Friedrich Nietzsche
-
Yitzak Shamir
-
Robert Krieps
-
Jean Peters
- 70 v. Chr.: Publius Vergilius Maro, réimeschen Dichter.
- 1542: Akbar, Groussmogul vun Indien.
- 1608: Evangelista Torricelli, italieenesche Mathematiker a Physiker.
- 1701: Marie Marguerite d'Youville, kanadesch Uerdensschwëster.
- 1750: Pierre Maisonnet, lëtzebuergesche Moler.
- 1805: Eusebio Guilarte Vera, President vu Bolivien.
- 1829: Asaph Hall, US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 1832: Friedrich Tietjen, däitschen Astronom.
- 1844: Friedrich Nietzsche, däitsche Philosoph.
- 1862: Joseph Faber, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 1897: Louise Welter, lëtzebuergesch Doktesch.
- 1908: John Kenneth Galbraith, US-amerikaneschen Ekonomist.
- 1911: Jean Davy, franséische Schauspiller.
- 1913: Émile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler
- 1915: Jitzchak Schamir, israeelesche Politiker.
- 1920: Henri Verneuil (Achod Malakian), franséische Filmregisseur.
- 1920: Mario Puzo, US-amerikanesche Krimi-Schrëftsteller.
- 1926: Michel Foucault, franséische Philosoph.
- 1926: Evan Hunter, amerikanesche Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 1926: Jean Peters, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1927: Gusty Back, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1928: Coryse Kieffer, lëtzebuergesch Molerin.
- 1930: Philippe Leroy, franséische Schauspiller.
- 1931: A. P. J. Abdul Kalam, indesche Wëssenschaftler a Staatspresident.
- 1936: Michel Aumont, franséische Schauspiller.
- 1942: Chris Andrews, brittesche Popsänger.
- 1942: Fernand Bauer, lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.
- 1943: Penny Marshall, US-amerikanesch Filmregisseurin, -produzentin a -schauspillerin.
- 1944: Georgette Bisdorff, lëtzebuergesch Chronistin a Schrëftstellerin.
- 1944: Ram Chandra Poudel, nepaleesesche Politiker.
- 1955: Tanya Roberts, amerikanesch Schauspillerin.
- 1958: Carlo Jungbluth, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1970: Pernilla Wiberg, schweedesch Alpinschileeferin
- 1980: Tom Boonen, belsche Vëlossportler a Stroosseweltmeeschter 2005
- 1984: Sonia Gleis, lëtzebuergesch Molerin.
- 1987: Marie Sebag, franséisch Schachgroussmeeschterin.
- 1993: Kim Godart, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1564: Andreas Vesalius, flämeschen Anatom a Chirurg.
- 1582: Helleg Thérèse vun Avila
- 1684: Alexander Wiltheim, Geeschtlechen, Auteur an Historiker.
- 1690: Adam Frans van der Meulen, flämesche Moler.
- 1855: Joseph-Louis André, lëtzebuergeschen Historiker a Politiker.
- 1862: Hans Daniel Hassenpflug, däitsche Jurist a Staatsmann.
- 1872: Louis Charles Rothermel, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1907: Maurice Loewy, franséischen Astronom an Astrophysiker.
- 1910: Émile Mousel, lëtzebuergesche Béierbrauer a Politiker.
- 1917: Mata Hari, hollännesch Dänzerin a Spiounin am Éischte Weltkrich.
- 1934: Raymond Poincaré, franséische Politiker.
- 1936: Karl Friedrich Küstner, däitschen Astronom.
- 1945: Pierre Laval, franséische Politiker.
- 1964: Cole Porter, US-amerikanesche Komponist.
- 1960: Henny Porten, däitsch Schauspillerin.
- 1967: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 1971: Joseph Offenbach, däitsche Schauspiller.
- 1985: Charles Reiffers, lëtzebuergesche Jurist.
- 1990: Delphine Seyrig, franséisch Schauspillerin.
- 1998: Colette Darfeuil, franséisch Schauspillerin.
- 2012: Claude Cheysson, franséische Politiker.
- 2012: Norodom Sihanouk, Kinnek vum Kambodja.
- 2014: Marie Dubois, franséisch Schauspillerin.
- 2021: Gerd Ruge, däitsche Journalist.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 15. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg de 15. Oktober 1975 op der Websäit vum European Football
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Moldawien op der Websäit vum European Football
- ↑ Football: Lëtzebuerg géint Portugal ouni Fortune op sport.rtl.lu
- ↑ Lëtzebuerg - San Marino op eu-football.info