Op den Inhalt sprangen

Émile Mousel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Émile Mousel
Gebuertsnumm Michel Emil Mousel
Gebuer 20. Dezember 1843
Clausen
Gestuerwen 15. Oktober 1910
Clausen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter vu Lëtzebuerg, Deputéierten
D'Place Émile-Mousel a Clausen.

De Michel Émile Mousel[1], gebuer den 20. Dezember 1843 a Clausen, an och do gestuerwen de 15. Oktober 1910[2], war e lëtzebuergesche Politiker a Béierbrauer. Hie war de Jong vum Béierbrauer Jacques Mousel.

Den Émile Mousel gouf de 15. Juni 1870 zu Wolz mat der Suzanne Gruber bestuet.

Hie war vun 1875 bis 1904 onënnerbrach Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg[2] a vum 24. Februar 1894 bis de 24. Juli 1904 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

Hie war vun 1896 bis 1905 Deputéierten an der Chamber[2].

D'Plaz bei der Entrée vun de Rives de Clausen, der fréierer Mouselsbrauerei a Clausen gouf 1925 no him genannt: Place Émile Mousel[3].

Virgänger:
Dominique "Alexis" Brasseur
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1894 - 1904
Nofollger:
Alphonse Munchen


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. als „Michel Emil Mousel“ um Geburtsschäin 441 vun der Gemeng Lëtzebuerg agedroen, gekuckt op familysearch.org de 16.05.2021
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Doudesannonce a Biographie vum Emile Mousel am Luxemburger Wort vum 17. Oktober 1910
  3. Place Émile Mousel an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
  4. "Ordre de la Couronne de chêne", Mémorial, 25. Juli 1886.
  5. "Lokal Neuigkeiten", Luxemburger Wort, 18 Mäerz 1901.
  6. (fr)A travers le Grand-Duché - Distinction honorifique. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (2. September 1898). Gekuckt de(n) 17.10.2023.