Gemeng Wolz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wolz (Homonymie).
Gemeng Wolz
D'Gemengenhaus vu Wolz
De Logo vun der "Haaptstad vun den Ardennen"
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Wiltz
de: Wiltz
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Wolz
Chef-lieu Wolz
Buergermeeschter Carole Petitnicolas-Weigel (CSV)
Awunner 7.949
  1 Januar 2023
Fläch 3.925 ha
Héicht 477 m
Koordinaten 49° 57’ 58’’ N
      5° 55’ 57’’ O
LAU-Code LU0807
Websäit https://www.wiltz.lu

D'Gemeng Wolz (lokal: Wooltz) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Wolz vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.

Den 1. Januar 2015[2] ass d'Gemeng Eschweiler mat der Gemeng Wolz zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. Déi zwéi Gemengeréit haten de 24. Februar 2014 dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[3] D'Gesetz dozou ass den 19. Dezember 2014 gestëmmt ginn.[4]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

écartelé, au I burelé d'argent et d'azur à un lion rampant de gueules couronné, lampassé et armé d'or, au II de gueules à un caducée d'argent posé en bande, au III de gueules à une ancre d'argent posée en bande, au IV d'azur à une ruche d'or et des abeilles volantes du même. L'écu surmonté d'une couronne antique de comte à huit fleurons, dont cinq seulement visibles.
A.GD. 1. August 1951 - Mémorial B 1951, Säit 1129 - Projet: 1950 Louis Wirion
De Beiekuerf symboliséiert d'Industrie, den Äskulapstaf steet fir d'Unitéit an den Anker fir den Handel. De Léiw symboliséiert d'Zougehéieregkeet vun der Gemeng zum Groussherzogtum[5].

Zanter 2010 huet d'Gemeng Wolz en eegene Logo, dee fir eng modern Stad mat ville Facetten an enger multikultureller Populatioun steet. Déi gréng Faarf bezitt sech op déi vill Park- a Grénganlagen an der Stad a fir d'Bëscher ronderëm, matzen an de Lëtzebuerger Ardennen[6].

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot gëtt nom Proporzsystem gewielt. E besteet zanter 2017 (an no der Fusioun mat Eschweiler) aus 13 Conseilleren; virdru waren et der 11.

De Schäfferot gëtt zanter 2023 vun enger CSV-DP-Koalitioun gestallt. 2017 war et eng Koalitioun vun LSAP an CSV, an dee vu virun der Fusioun vun der LSAP.

Op Grond vum Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gëtt d'Carole Petitnicolas-Weigel (CSV) nei Buergermeeschtesch.[7]

Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP LSAP
2005 3 2 6
2011 3 2 6
2017 5 2 6
2023 5 3 5

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[8][änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kulturelles[änneren | Quelltext änneren]

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wolz ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Economie circulaire[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2015 huet d'Gemeng Wolz de Statut als "hotspot communal de l'économie circulaire".[12] Zil ass et, fir d'Prinzipie vun der Economie Circulaire, och "Kreeslafwirtschaft" genannt, no an no an alle Beräicher vum deegleche Liewen anzebannen. 2018 huet de Gemengerot eng entspriechend Charta ënnerschriwwen[13], an där eng Rei vu Moossname genannt ginn, déi ëmgesat solle ginn. Als Haaptprojet gëllt de Bau vun engem neie Quartier mam Numm "Wunne mat der Wooltz"[14] an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement, dee ganz no de Prinzippie vun der Economie Circulaire soll opgebaut ginn a bei dem eng 780 Logementer entstoe sollen.

Bekannt Leit aus der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemeng Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. legilux.public.lu (23.12.2014). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  3. "Wolz kloer, Eeschwëller knapp [sic] fir Fusioun" rtl.lu, 25.05.2014, 16:13:01.
  4. "Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz." Mémorial A N° 252, 23 Dezember 2014, S. 4824.
  5. (de)Die Wappen der Gemeinde Wiltz. www.wiltz.lu. Gekuckt de(n) 19.06.2023.
  6. Säit iwwer de Wopen an de Logo Gearchiveerd op 2019-08-22. Gekuckt de(n) 2019-07-16.
  7. "Wolz: Ära Arndt/LSAP eriwwer - CSV/DP iwwerhuelen d'Rudder." rtl.lu, 13.06.2023.
  8. Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Wolz op der Webäit vun der Gemeng Wolz
  9. Memorial N°3 vun 1844 Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2015-09-13.
  10. 10,0 10,1 Memorial N°50 vun 1847 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 25 juillet 1847, n° 1664, portant nomination du sieur Faber aux fonctions de bourgmestre de la ville de Wiltz
  11. Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
  12. Présentation de la ville de Wiltz comme futur "hotspot" communal de l'économie circulaire gouvernement.lu, 13.10.2018
  13. Charta für die "Economie Circulaire" wiltz.lu
  14. Wunne mat der Wooltz wiltz.lu