Claude Fontaine

Vu Wikipedia
Claude Fontaine
Gebuer 12. Mäerz 1940
Wolz
Gestuerwen 7. Juli 2000
Zürich
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Claude Fontaine, gebuer den 12. Mäerz 1940 zu Wolz a gestuerwen de 7. Juli 2000 zu Zürich, war e lëtzebuergesche Graphiker a Moler.

Hien huet seng Primärschoul zu Lëtzebuerg a seng Mëttelschoul an der Schwäiz gemaach. Duerno huet en 2 Joer zu Paräis Konscht studéiert.

Hie war graphesche Mataarbechter am Atelier E+U Hiestand zu Zürich an huet vill mat Absolvente vun der Hochschule für Gestaltung vun Ulm zesummegeschafft, wou d'graphescht Konzept vun der sougenannter analytescher Grëndlechkeet geléiert an ëmgesat gouf.

Mat 29 Joer ass de Claude Fontaine hannescht op Lëtzebuerg komm, wou e virun allem als Plakatkënschtler bekannt gouf. Hie war ee vun de Pionéier vun der Escher Kulturfabrik a Matgrënner vun der Galerie Terre Rouge.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fontaines Claude: Graphik - affiches - Biller. Luxemburg: Ed. Kremer-Muller; Esch/Alzette: Centre culturel Kulturfabrik, [2001], 224 p.: ill.; ISBN 2-919978-05-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]