Christophe Hansen

Vu Wikipedia
Christophe Hansen
Gebuer 21. Februar 1982
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Christophe Hansen, gebuer den 21. Februar 1982 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV/EPP).

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Christophe Hansen huet tëschent 2002 an 2007 op der Universitéit Louis-Pasteur zu Stroossbuerg Geowëssenschaften, Geopolitik an Ëmweltrecht studéiert an dee Studium 2007 mat engem Master ofgeschloss[Source?].

Vun 2007 bis 2014 huet hien als politesche Beroder vun der Europadeputéiert Astrid Lulling an de Beräicher Agrar- an Ëmweltpolitik geschafft. Dono huet hie fir d'Stänneg Representatioun vu Lëtzebuerg bei der EU zu Bréissel geschafft; 2016 fir de Bréisseler Büro vun der Chambre de commerce, an e war vun 2016-2018 Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité.[1]

Hie war vun Oktober 2011[2] bis Dezember 2022 Member vum Gemengerot zu Wanseler.[3]

De Christophe Hansen war vum September 2018 bis Oktober 2023 Deputéierten am Europäesche Parlament.[4] Hie war duer 2018 fir d'Viviane Reding nogeréckelt, déi sech zeréckgezunn hat fir zu Lëtzebuerg fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ze kandidéieren[5]. Am Juni 2019 huet hien da fir d'Europawale kandidéiert a krut säi Mandat als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten am Europaparlament confirméiert[5]. Hie war do Porte-parole vun der EVP fir den internationalen Handel a Rapporteur iwwer de Reglementsprojet géint d'Hae vu Bëscher. Virdru war hie Rapporteur zum Brexit-Accord an zum EU-Reglement iwwer schiedlech Staatsubventiounen aus Drëttlänner fir Firmen am EU-Bannemaart. Hie war zanter Januar 2022 zousätzlech ee vun de Quaestore vum Europäesche Parlament.[6]

Hie war vum Mäerz 2022 bis (?) 2024 zesumme mat der Stéphanie Weydert, Generalsekretär vun der CSV.

2023 war hie Kandidat fir d'CSV am Walbezierk Norde fir d'Chamberwale vum 8. Oktober 2023. Hie gouf direkt gewielt.[7] Den 23. Oktober 2023 huet hie säi Mandat als Europadeputéierten néiergeluecht, fir de 24. Oktober an der Chamber vereedegt ze ginn. D'Martine Kemp ass fir hien zu Stroossbuerg nogeréckelt.[8]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christophe Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Paul Galles
Generalsekretär vun der CSV
2022 - 2024
Nofollger:
Alex Donnersbach
Françoise Kemp

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. CV op der Websäit vun der EPP.
  2. "Vereidigung des Gemeinderates in Winseler - Keine Überraschungen und doch ein frischer Wind!" mywort.lu, 14.12.2011.
  3. Marc Schlammes: "Rückzug aus Gemeinderat Winseler: CSV-Politiker Christophe Hansen beendet kommunale Karriere." wort.lu [w+], 12.12.2022.
  4. Fiche op europarl.europa.eu.
  5. "Viviane Reding se présentera bien dans le Centre." paperjam.lu, 13 mars 2018 12:33.
  6. Fiche op europarl.europa.eu.
  7. Christophe Hansen op rtl.lu (nogekuckt 2023-10-10).
  8. Pierre Weimerskirch: "Martine Kemp ersetzt Christophe Hansen." rtl.lu, 12.10.2023.