Astrid Lulling

Vu Wikipedia
Astrid Lulling
Gebuer 11. Juni 1929
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei CSV, LSAP, SDP

D'Astrid Lulling, gebuer den 11. Juni 1929 zu Schëffleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

D'Astrid Lulling huet tëscht 1953 a 1955 Wirtschaftspolitik op der Universitéit zu Saarbrécken studéiert. Si war vun 1949 bis 1963 Sekretärin a Redaktesch vum Lëtzebuerger Arbechter-Verband (LAV).

Vun 1963 bis 1971 war d'Astrid Lulling Presidentin vun de Sozialistesche Fraen an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP).

1971 war d'Astrid Lulling Matgrënnerin vun der Sozial-Demokratescher Partei (SDP) an do Member vum Direktiounscomité bis 1982. 1974 gouf se fir des Partei an d'Chamber gewielt. No parteipolitesche Reiwereie gouf si 1984 op der Lëscht vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV) an d'Chamber gewielt.

Vun 1989 u war si, bis Mee 2014, Deputéiert vum Europäesche Parlament. Do war si och schonn 1965 bis 1974 Member. Den 20. Juli 2004 gouf d'Astrid Lulling Questeur vum Europaparlament. Am Mäerz 2014 huet hir Partei decidéiert, se net méi op d'Wallëscht fir d'Europawalen opzesetzen.[1] Am September dat Joer gouf zu Bréissel am Rez-de-chaussée vum Altiero-Spinelli-Gebai an hirer Presenz d'Astrid Lulling Lounge ageweit, an där Parlamentarier Zeitngen an Zäitschëfte liese kënnen, an Ausstellungen iwwer ausgewielte Bicher, iwwer d'Geschicht vum Bäitrëtt vun deem Land, dat grad d'EU-Conseilspresidence huet, an eng iwwer d'Astrid Lulling selwer, kucke kënnen.[2],[3]

Och lokal war d'Astrid Lulling an hirer Heemechtstad Schëffleng engagéiert: Tëscht 1970 an 2000 war si do am Gemengerot, déi éischt 15 Joer dovun als Buergermeeschtesch.

Zesumme mat hirem Neveu Jérôme Lulling huet si eng Serie op YouTube publizéiert, fir Lëtzebueresch ze léieren.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

D'Astrid Lulling ass Commandeur de l'ordre de la République italienne, Grand officier de l'Ordre de Mérite a Grand officier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1996)[4], Officier de la Légion d'honneur, a gouf mam Order of Brilliant Star, dem zweethéchsten taiwanesche Verdéngschtuerden ausgezeechent.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Astrid Lulling: Mein Leben als Frau in der Politik. Autobiographie. Esch-Alz., Éditions Schortgen, 2018. ISBN 978-99959-36-64-8.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Invité vun der Redaktioun: Astrid Lulling (19. Mäerz)." op rtl.lu, 19.03.2014, 08:54:07.
  2. Astrid Lulling Reading Room op europarl.europa.eu, nogekuckt: 2023-06-09;
  3. Inauguration of Astrid Lulling Lounge op europarl.europa.eu, nogekuckt: 2023-06-09.
  4. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn