2022
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2018 |
2019 |
2020 |
2021 |
2022
| 2023
| 2024
| 2025
| 2026
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2022.
D'Joer 2022 huet op engem Samschdeg ungefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Januar: Bei virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt dem Premierminister António Costa seng Sozialistesch Partei mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit.
- 13. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum däitsche Bundespresident erëmgewielt.
- 24. Februar: Russland fänkt mat engem Ugrëffskrich op d'Ukrain un, nodeems et 2 Deeg virdrun d'Onofhängegkeet vun de vu russesche Rebelle kontrolléierte sougenannte "Volleksrepubliken" Luhansk an Donetsk eesäiteg unerkannt huet. Iwwer 4 Milliounen Ukrainer sinn an d'westlech Nopeschlänner an aner EU Staate geflücht; weltwäit kënnt et zu Protester, a vu Säite vu ville Länner zu Sanktioune géint Russland an Hëllefsliwwerungen (zivil wéi militäresch) un d'Ukrain. Nodeems Russland am Ufank séier a vill Terrain eruewere konnt, gëtt et an de Wochen a Méint dono nees zeréckgeworf, an d'Front huet sech am Summer am Süden an am Oste quasi stabiliséiert. Russland ass dunn dozou iwwergaangen, zivil Infrastrukturen (haaptsächlech Energie- a Waaserversuergung) uechtert d'ganzt Land mat Rakéiten z'attackéieren. Bis zum Joresenn gëtt et wäit iwwer Honnertdausend Doudeger op béide Säiten, dorënner vill ukrainesch zivil Affer.
- : Dem aktuelle Premierminister 3. AbrëllViktor Orbán seng Fidesz-Partei gewënnt bei de Parlamentswalen an Ungarn, mat 135 vun den 199 Sëtz, déi absolut Majoritéit.
- Aleksandar Vučić gëtt a Serbien bei de Presidentschaftswalen erëmgewielt. Bei de Parlamentswalen dee selwechten Dag bleift seng Walallianz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit. 3. Abrëll: Den
- 24. Abrëll: Beim zweeten Tour vun de Presidentewalen am Frankräich gewënnt den amtéierende President Emmanuel Macron géint d'Marine Le Pen.
- 10. Mee: D'Katalin Novák gëtt zu der neier Presidentin vun Ungarn gewielt.
- 16. Mee: D'Elisabeth Borne gëtt zu der neier Premierministesch a Frankräich ernannt.
- 25. Mee: No de Parlamentswale vum 24. Abrëll a Slowenien gëtt de Robert Golob vun der Fräiheetsbeweegung (GS) neie Premierminister.
- 19. Juni: Beim 2. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich verléiert Ensemble pour la majorité présidentielle déi absolut Majoritéit a kënnt op 245 vu 577 Sëtz, d'Nouvelle Union Populaire écologique et sociale kritt der 131, de Rassemblement National der 89 an d'Union de Droite et du Centre der 64.
- 23. Juni: Um Europäesche Conseil zu Bréissel kréien d'Ukrain a Moldawien de Status vun engem Kandidat fir der EU bäizetrieden.
- : Nom 5. SeptemberBoris Johnson sengem Récktrëtt gëtt d'Liz Truss als nei Presidentin vun der Conservative Party an domat als nei Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich gewielt.
- : Nom Doud vu senger Mamm, der Kinnigin 8. SeptemberElisabeth II., gëtt den Charles III. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich.
- : Den 9. OktoberAlexander Van der Bellen gëtt am éischten Tour vun de Presidentschaftswalen an Éisträich erëmgewielt.
- 17. Oktober: No de Parlamentswale vum 11. September a Schweden, bei deenen d'Schwedendemokraten, déi Moderat, d'Chrëschtdemokraten an déi Liberal eng Majoritéit vu Sëtz am Riksdag gewonnen hunn, gëtt den Ulf Kristersson neie Premiermnister.
- 22. Oktober: No de Parlamanetswale vum 25. September an Italien, gëtt d'Giorgia Meloni (Fratelli d'Italia) Premiermnistesch vun enger rietspopulistescher Regierung.
- 25. Oktober: No der Liz Truss hirem Récktrëtt gëtt de Rishi Sunak als neie Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich ernannt, nodeems en een Dag éischter neie President vun der Conservative Party gouf.
- 1. November: Bei de virgezunnene Parlamentswalen an Dänemark kréien d'Sozialdemokrate vun der Mette Frederiksen déi meescht Stëmmen, an d'Parteien am lénke Spektrum eng Majoritéit.
- 13. November: D'Nataša Pirc Musar gëtt zur Presidentin vun der Republik Slowenien gewielt.
- 17. Dezember: De Leo Varadkar iwwerhëlt fir déi zweet Hallschecht vun der Legislaturperiod vum Micheál Martin d'Amt vum Premierminister an Irland.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 5. JanuarRegierung Bettel-Lenert-Bausch trëtt, mat 3 neie Ministeren, hir Fonctioun un.
- : Den ukrainesche President 2. JuniWolodymyr Selenskyj adresséiert déi Lëtzebuerger Chamber via Videolink.
- 11. September: Verlängerung vun der Tramslinn T1 bis op Bouneweg.
- 30. November: De Prisong Uerschterhaff gëtt a Betrib geholl.
-
Tramstatioun Lycée Bouneweg
-
Prisong Uerschterhaff
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Januar: Militärputsch am Burkina Faso.
- 15. Mee: Den Hassan Sheikh Mohamud gëtt zum neie President vu Somalia gewielt.
- 25. Juni: Gabun an Togo gi Member vum Commonwealth.
- 15. August: De William Ruto gewënnt d'Presidentewalen am Kenia.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Nordamerika
[änneren | Quelltext änneren]Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Januar: D'Xiomara Castro gëtt nei Presidentin vum Honduras.
- 19. Juni: De Gustavo Petro gëtt zum neie President vu Kolumbien gewielt.
- 30. Oktober: Den Ignazio Lula gewënnt am 2. Tour vun de Presidentschaftswalen a Brasilien géint de Jair Bolsonaro.
- : D' 7. DezemberDina Boluarte gëtt als nei Presidentin vum Peru vereedegt, nodeems hire Virgänger, de Pedro Castillo, ofgesat gi war.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- : Ausbroch vu schwéieren Onrouen am 2. JanuarKasachstan, wou bannent e puer Deeg 225 Leit ëm d'Liewe koumen an der bal 5.000 blesséiert goufen.
- : De 9. MäerzYoon Seok-youl gëtt zum neie President vu Südkorea gewielt.
- 12. Mäerz: De Serdar Berdimuhamedow gewënnt d'Presidentewalen am Turkmenistan, hie gëtt den 19. Mäerz vereedegt.
- 19. Abrëll: De José Ramos-Horta gëtt zum neie President vun Timor-Leste gewielt, nodeems en dat schonn eng Kéier virun 10 Joer war.
- 21. Juni: Iwwer 1.000 Doudeger bei engem schwéieren Äerdbiewen am Oste vum Afghanistan.
- 30. Juni: De Ferdinand Marcos Jr. gëtt neie President op de Philippinnen.
- 21. Juli: Den Ranil Wickremesinghe gëtt neie President vu Sri Lanka, nodeems säi Virgänger Gotabaya Rajapaksa no Protester zeréckgetruede war.
- 25. Juli: D'Draupadi Murmu gëtt als nei Presidentin vun Indien vereedegt.
- 16. September: Nom Doud vun der Jina Mahsa Amini, veruersaacht duerch Polizeigewalt, kënnt et zu méintelaange Protester am Iran.
- 22. Oktober: De Xi Jinping gëtt fir d'Drëtt zum Partei- a Staatschef vu China gewielt.
Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 14. Mee: De Mohamed bin Zayed Al Nahyan, Emir vun Abu Dhabi, gëtt neie President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater.
- 1. November: E Block, deen de fréiere Premierminister Benjamin Netanyahu ënnerstëtzt, gewënnt mat enger absoluter Majoritéit déi virgezunnene Parlamentswalen an Israel.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Esch-Uelzecht ass, zesumme mam litauesche Kaunas an dem serbesche Novi Sad, Europäesch Kulturhaaptstad (kuckt: Esch 2022).
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis: Guy Helminger fir Lärm.
- Den John-Paul Gomez gewënnt den nationale Literaturpräis 2022 fir The Idiot of St. Benedict.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 14. Mee: de Kalush Orchestra aus der Ukraine gewënnt den Eurovision Song Contest 2022 mam Lidd Stefania.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Oscar fir de beschte Film: Coda vun der Sian Heder.
- César fir de beschte Film: Illusions perdues vum Xavier Giannol.
- Gëlle Palm fir Triangle of Sadness vm Ruben Östlund.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 1. JanuarRegional Comprehensive Economic Partnership, dat gréisst Fräihandelsofkommes vun der Welt, trëtt a Kraaft.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- De Summer 2022 war zu Lëtzebuerg deen dréchensten, sonnegsten an zweetwäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen (1947).
- 18. Mäerz: D'Çanakkale-1915-Bréck an der Tierkei, déi Hänkbréck mat der gréisster Spanwäit op der Welt, gëtt ageweit.
- 11./12. Juli: Den James-Webb-Weltraumteleskop schéckt seng éischt Biller op d'Äerd.
- 30. November: OpenAI mécht ChatGPT, op Basis vun GPT-3.5, gratis fir d'Ëffentlechkeet zougänglech,
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 4. bis 20. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Beijing.
- 1. bis 24. Juli: Tour de France 2022; de Jonas Vingegaard gëtt Gewënner am Generalklassement.
- 21. Nov. bis 18. Dez.: 22. Foussball-Weltmeeschterschaft vun den Hären am Katar. An der Finall gewënnt déi argentinesch géint déi franséisch Nationalekipp mat 7 zu 5 beim Eelefmeterschéissen.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 4. JanuarMario Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- : 6. JanuarPeter Bogdanovich, US-amerikanesche Filmregisseur.
- Sidney Poitier, US-amerikanesche Schauspiller. 6. Januar:
- 11. Januar: David Sassoli, italieenesche Politiker.
- 12. Januar: Guy W. Stoos, lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
- 12. Januar: Victor Fenigstein, schwäizeresch-lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 12. Januar: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Januar: Jean-Jacques Beineix, franséische Filmregisseur.
- 14. Januar: Ricardo Bofill, spueneschen Architekt.
- 15. Januar: Sophie Proost, lëtzebuergesch Theaterschauspillerin.
- 16. Januar: Ibrahim Boubacar Keïta, malesche Politiker.
- 16. Januar: Ota Nalezinek, tschechesch-lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
- 17. Januar: Yvette Mimieux, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Januar: Michel Subor, franséische Schauspiller.
- 19. Januar: Hardy Krüger, däitsche Schauspiller.
- 19. Januar: Gaspard Ulliel, franséische Schauspiller.
- 20. Januar: Meat Loaf, US-amerikanesche Rocksänger.
- 23. Januar: Serge Korber, franséische Filmregisseur.
- 23. Januar: Jean-Claude Mézières, franséische Comiczeechner.
- 25. Januar: Etchika Choureau, franséisch Schauspillerin.
- 26. Januar: Ernst Stankovski, éisträichesche Schauspiller.
- : 2. FebruarMonica Vitti, italieenesch Schauspillerin.
- : 8. FebruarLuc Montagnier, franséische Virolog.
- : 9. FebruarAndré Wilms, franséische Schauspiller.
- 12. Februar: Ivan Reitman, kanadesche Regisseur
- 19. Februar: Jacques Poos, lëtzebuergesche Politiker.
- 22. Februar: Claudine Junck, lëtzebuergesch Diplombiologin.
- 23. Februar: Henri Kugener, lëtzebuergeschen Dokter, Medezinhistoriker an Auteur.
- 24. Februar: Sally Kellerman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 27. Februar: Veronica Carlson, englesch Schauspillerin.
- : 9. MäerzJean Bichel, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 13. Mäerz: William Hurt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Mäerz: Ann Savo, finnesch Schauspillerin.
- 21. Mäerz: Eva-Ingeborg Scholz, däitsch Schauspillerin.
- 23. Mäerz: Madeleine Albright, US-amerikanesch Politikerin.
- 25. Mäerz: Taylor Hawkins, US-amerikanesche Museker.
- : 2. AbrëllPaul Lenert, lëtzebuergesche Journalist a Manager.
- : 5. AbrëllSidney Altman, kanadesch-US-amerikanesche Molekularbiolog.
- Nehemiah Persoff, US-amerikanesche Schauspiller. 5. Abrëll:
- : 7. AbrëllDavid McKee, brittesche Kannerbuchauteur an Illustrateur.
- : 9. AbrëllMichael Degen, däitsch-israeelesche Schauspiller.
- 13. Abrëll: Michel Bouquet, franséische Schauspiller.
- 17. Abrëll: Catherine Spaak, franséisch Schauspillerin a Moderatorin.
- 21. Abrëll: Renate Holm, däitsch Operesängerin a Schauspillerin.
- 21. Abrëll: Jacques Perrin, franséische Schauspiller a Filmproduzent.
- 23. Abrëll: Arno, belsche Museker.
- 30. Abrëll: André Elvinger, lëtzebuergesche Jurist.
- : 8. MeeFred Ward, US-amerikanesche Schauspiller.
- Dennis Waterman, englesche Schauspiller. 8. Mee:
- 17. Mee: Édouard Kutter, lëtzebuergesche Fotograf, Editeur.
- 17. Mee: Vangelis, griichesche Museker.
- 23. Mee: Anita Gradin, schweedesch Politikerin.
- 26. Mee: Andrew Fletcher, brittesche Museker.
- 26. Mee: Ray Liotta, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Mee: Nicole Castan, franséisch Kënschtlerin.
- 28. Mee: Adolphe Deville, lëtzebuergesche Moler.
- 28. Mee: Bujar Nishani, albanesche Politiker.
- : 8. JuniCarmen Welter-Jander, lëtzebuergesch Sopranistin a Gesankspedagogin.
- 17. Juni: Jean-Louis Trintignant, franséische Schauspiller.
- 28. Juni: Martin Bangemann, däitsche Politiker.
- : 1. JuliMaurizio Pradeaux, italieenesche Filmregisseur.
- : 2. JuliPeter Brook, engleschen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
- Edward Meeks, US-amerikanesche Schauspiller. 2. Juli:
- : 4. JuliHubert Erang, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- : 6. JuliJames Caan, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 8. JuliShinzō Abe, japanesche Politiker.
- José Eduardo dos Santos, angolanesche Politiker. 8. Juli:
- 12. Juli: Bramwell Tovey, britteschen Dirigent a Komponist.
- 15. Juli: Albert Nerini, lëtzebuergesche Schlagersänger.
- 18. Juli: Claes Oldenburg, schweedesch-US-amerikanesche Kënschtler.
- 19. Juli: André Link, lëtzebuergeschen Auteur an Dolmetscher.
- 21. Juli: Uwe Seeler, däitsche Foussballspiller.
- 23. Juli: Bob Rafelson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 24. Juli: David Warner, englesche Schauspiller.
- 25. Juli: Paul Sorvino, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juli: Jean Bobet, franséische Vëlossportler.
- 27. Juli: Bernard Cribbins, englesche Schauspiller.
- 30. Juli: Nichelle Nichols, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 31. Juli: John Steiner, brittesche Schauspiller.
- 31. Juli: Fidel Ramos, philippinnesche Militär a Politiker
- 31. Juli: John Steiner, brittesche Schauspiller
- : 5. AugustClu Gulager, US-amerikanesche Schauspiller.
- Issey Miyake, japanesche Moudendesigner. 5. August:
- : 8. AugustOlivia Newton-John, brittesch-australesch Sängerin a Schauspillerin.
- 11. August: Anne Heche, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. August: Jean-Jacques Sempé, franséischen Zeechner.
- 12. August: Wolfgang Petersen, däitsche Filmregisseur.
- 13. August: Josy Mosar, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. August: Eva-Maria Hagen, däitsch Schauspillerin.
- 17. August: Robert Thillen, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 25. August: Herman Van Springel, belsche Vëlossportler.
- 30. August: Michail Gorbatschow, sowjetesche resp. russesche Politiker.
- : 2. SeptemberFrank Drake, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- : 3. SeptemberConny Scheel, lëtzebuergesche Fotograf, Schauspiller an Theaterregisseur.
- : 4. SeptemberRobert Bintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 6. SeptemberMarie-Thérèse Boever, lëtzebuergesch Politikerin
- Just Jaeckin, franséische Filmregisseur a Fotograf. 6. September:
- : 8. SeptemberElizabeth II., brittesch Kinnigin.
- 11. September: Javier Marías, spuenesche Schrëftsteller.
- 11. September: Alain Tanner, Schwäizer Filmregisseur.
- 12. September: Ramsey Lewis, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 13. September: Jean-Luc Godard, franséische Filmregisseur.
- 14. September: Irene Papas, griichesch Schauspillerin.
- 14. September: Henry Silva, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. September: Francescantonio Nolè, italieenesche Geeschtlechen.
- 16. September: Emile Seiler, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen, Enseignant, Historiker an Auteur.
- 20. September: Sergei Witauto Puskepalis, russesche Schauspiller.
- 23. September: Louise Fletcher, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. September: Coolio, US-amerikanesche Rapper.
- 29. September: Paul Veyne, franséischen Historiker.
- : 4. OktoberGünter Lamprecht, däitsche Schauspiller.
- : 9. OktoberBruno Latour, franséische Soziolog a Philosoph.
- 11. Oktober: Angela Lansbury, brittesch Schauspillerin.
- 12. Oktober: Abbes Hever, lëtzebuergesche Graphiker.
- 14. Oktober: Robbie Coltrane, brittesche Schauspiller.
- 14. Oktober: Ralf Wolter, däitsche Schauspiller.
- 20. Oktober: Joseph Kinsch, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 28. Oktober: Jerry Lee Lewis, US-amerikanesche Rocksänger a Pianist.
- : 5. NovemberValère Gustin, belsche Moler.
- : 7. NovemberLeslie Phillips, englesche Schauspiller.
- : 8. NovemberPierre Kartner, hollännesche Komponist a Sänger.
- 14. November: Johanna Lüttge, (ost)däitsch Athleetin.
- 24. November: Hans Magnus Enzensberger, däitsche Schrëftsteller.
- 25. November: Irene Cara, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 30. November: Christiane Hörbiger, éisträichesch Schauspillerin.
- 30. November: Christine McVie, brittesch Sängerin.
- 30. November: Davide Rebellin, italieenesche Vëlossportler.
- 30. November: Jiang Zemin, chineesesche Politiker.
- : 1. DezemberMylène Demongeot, franséisch Schauspillerin.
- : 5. DezemberKirstie Alley, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Dezember: Angelo Badalamenti, US-amerikanesche Komponist.
- 18. Dezember: Lando Buzzanca, italieeneschs Schauspiller.
- 18. Dezember: Daniela Giordano, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Diane McBain, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Victor De Bourcy, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Dezember: Franco Frattini, italieenesche Politiker.
- 26. Dezember: Josy Hamer, lëtzebuergesche Geiist an Hautboisspiller.
- 28. Dezember: Linda de Suza, franco-portugisesch Sängerin.
- 29. Dezember: Pelé, brasilianesche Foussballspiller a Politiker.
- 29. Dezember: Dan Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 29. Dezember: Vivienne Westwood, brittesch Modendesignerin.
- 31. Dezember: Joseph Ratzinger, däitsche kathoulesche Geeschtlechen, emeritéierte Poopst Benoît XVI.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien |