Sidney Poitier

Vu Wikipedia
Sidney Poitier
Gebuer 20. Februar 1927
Miami
Gestuerwen 6. Januar 2022
Los Angeles
Nationalitéit USA, Bahamas
Aktivitéit Filmschauspiller, Filmregisseur, Diplomat, Autobiograph, Filmproduzent, Schrëftsteller, Auteur, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Theaterregisseur, Televisiounsproduzent, Regisseur
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Liewenspartner(in) Diahann Carroll
De Sidney Poitier (lénks) mam Harry Belafonte an dem Charlton Heston 1963 beim Civil-Rights-Marsch.

De Sir Sidney Poitier, KBE, gebuer den 20. Februar 1927 zu Miami a Florida a gestuerwen de 6. Januar 2022, war en bahamaesch-US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur. Hie war deen éischten afroamerikanesche Schauspiller, dee fir eng Haaptroll en Oscar kritt huet.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Poitier ass ursprénglech vun de Bahamas, wou en och opgewuess ass. Hien ass zu Miami op d'Welt komm, well seng Elteren grad do op Besuch waren. Mat 15 Joer hu seng Elteren en op Miami bei säi Brudder geschéckt. Mat 18 Joer goung en op New York, wou en ufanks zu Harlem beim America Negro Theatre matgespillt huet. Vun do aus huet hien et op de Broadway gepackt. 1950 huet den Hollywood-Produzent Darryl F. Zanuck hien engagéiert. De Poitier war deen éischte schwaarzen Amerikaner, deen Haaptrollen an Hollywood-Filmer gespillt huet. Besonnesch an den 1960er Joren hat hie grousse Succès, an huet an den 1970er Joren ugefaangen, selwer Regie ze féieren.

Vill vun de Filmer, an deenen e matspillt, hunn Erscheinungsforme vum Rassismus an den USA als Sujet oder Hannergrond, wéi z. B. Guess who's coming to dinner, They Call me Mister Tibb oder In the Heat of the Night. 1964 krut de Poitier fir seng Roll a Lilies of the Field den Oscar als bescht Haaptroll. 2002 krut en den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Filmer als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972: and the preacher - mam Harry Belafonte
  • 1973: A Warm December
  • 1974: Uptown Saturday Night - mam Bill Cosby a Harry Belafonte
  • 1975: Let's do it again - mam Bill Cosby
  • 1977: A piece of the action - mam Bill Cosby
  • 1980: Stir crazy
  • 1981: Hanky Panky - mam Gene Wilder
  • 1983: Fast forward
  • 1990: Ghost Day - mam Bill Cosby

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sidney Poitier: The Measure of a Man (däitsch: Mein Vermächtnis. Eine Art Autobiografie.. Europa-Verlag, Hamburg und Wien 2001, 279 S., ISBN 3-203-81025-5)
  • Aram Goudsouzian: Sidney Poitier. Man, Actor, Icon. University of North Carolina Press, Chapel Hill zirka 2004, 480 (XII) S., ISBN 0-8078-2843-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sidney Poitier – Biller, Videoen oder Audiodateien