Gene Wilder
Gene Wilder | |
---|---|
am Joer 1984 | |
Gebuertsnumm | Jerome Silberman |
Gebuer |
11. Juni 1933 Milwaukee |
Gestuerwen |
29. August 2016 Stamford |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
University of Iowa, Bristol Old Vic Theatre School, Washington High School, HB Studio |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Komiker, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Auteur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Regisseur, Sänger, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Gilda Radner |
Den Gene Wilder, gebuer den 11. Juni 1933 zu Milwaukee am Wisconsin als Jerome Silberman, a gestuerwen den 29. August 2016 zu Stamford, am Connecticut[1], war en US-amerikanesche Schauspiller, Komiker, Auteur a Regisseur. Besonnesch an den 1970er- an 1980er- Jore gouf hien zu de beléifste Komediante vun Hollywood gezielt.
Den Gene Wilder huet seng Schauspillercarrière an den 1960er Jore beim Theater ugefaangen. 1967 hat en a Bonnie and Clyde eng Nieweroll. Bekannt gouf en duerch dräi Filmer vum Mel Brooks: deem säi Filmdebut The Producers; Young Frankenstein, an deem en d'Haaptroll als "Doctor Fronkensteen" hat, an d'Westernparodie Blazing Saddles.
1971 huet hien de Willy Wonka a Willy Wonka & the Chocolate Factory gespillt, an en hat dat Joer drop am Woody Allen sengem Everything you allways wanted to know about Sex eng Roll als Schofs-Amant. Tëscht 1976 an 1991 huet hie mat sengem Co-Star Richard Pryor véier Kaméidistécker gedréint, déi grousse Succès haten, dorënner Silver Streak.
Tëscht 1975 an 1986 huet hie selwer als Regisseur an Auteur 5 Kaméidisfilmer dirigéiert, dorënner The Adventure of Sherlock Holmes' Smarter Brother (1975), The Worlds Greatest Lover (1977) a Woman in Red (1984, e Remake vun Un éléphant ça trompe énormément). De leschtgenannte war säi gréisste Succès.
Vun 1993 bis 2003 ass de Wilder just nach an Tëleesfilmer a -serien opgetrueden.
Hien huet och 5 Bicher geschriwwen, dorënner Gilda's Disease iwwer seng Fra Gilda Radner, déi 1989 u Kriibs gestuerwe war, seng Memoiren (Kiss Me Like a Stranger), Kuerzgeschichten an ee Roman.
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1967: Bonnie and Clyde vum Arthur Penn
- 1968: The Producers vum Mel Brooks
- 1970: Start the Revolution Without Me vum Bud Yorkin
- 1971: Willy Wonka and the Chocolate Factory vum Mel Stuart
- 1972: Everything You Always Wanted to Know About Sex * But Were Afraid to Ask vum Woody Allen
- 1974: Blazing Saddles vum Mel Brooks
- 1974: Young Frankenstein vum Mel Brooks
- 1974: The Little Prince vum Stanley Donen
- 1974: Rhinocéros vum Tom O'Horgan
- 1975: The Adventure of Sherlock Holmes' Smarter Brother (och Regie)
- 1976: Silver Streak vum Arthur Hiller
- 1977: The World's Greatest Lover (och Regie)
- 1979: The Frisco Kid vum Robert Aldrich
- 1980: Sunday Lovers vum Bryan Forbes
- 1980: Stir Crazy vum Sidney Poitier
- 1982: Hanky Panky vum Sidney Poitier
- 1984: The Woman in Red (och Regie)
- 1986: Haunted Honeymoon (och Regie)
- |1989: See No Evil, Hear No Evil vum Arthur Hiller
- 1990: Funny About Love vum Leonard Nimoy
- 1991: Another You vum Maurice Phillips
- 1999: Alice in Wonderland(Telefilm) vum Nick Willing
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gene Wilder – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "US-Komiker Gene Wilder gestorben." welt.de, 2016-08-29|