Robert Aldrich

Vu Wikipedia
Robert Aldrich
Gebuertsnumm Robert Burgess Aldrich
Gebuer 9. August 1918
Gestuerwen 5. Dezember 1983
Los Angeles
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Virginia
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Gewerkschaftler, Regisseur

De Robert Aldrich, gebuer den 9. August 1918 zu Cranston, Rhode Island a gestuerwen de 5. Dezember 1983 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

No sengem Studium op der University of Virginia huet de Robert Aldrich bei der Filmproduktiounsgesellschaft RKO Pictures als juristesche Beroder eng Aarbecht fonnt. Duerno huet hien als Regieassistent bei Filmregisseure wéi Edward Dmytryk, Jean Renoir, Joseph Losey, Charlie Chaplin, Lewis Milestone a Richard Fleischer geschafft.

Säin éischte Kinosfilm als Regisseur war The Big Leaguer (1953). Bei de Filmkritiker a bei den Zuschauer ass him den Duerchbroch mam Western Vera Cruz (1954) mat dem Gary Cooper an dem Burt Lancaster an den Haaptrollen gelongen. Weider interessant Filmer an den 1950 Jore waren de Kriminalfilm Kiss Me Deadly (1955) an den Drama The Big Knife (1955) mam Jack Palance an Ida Lupino.

Kommerziell an och artistesch Succèsen hat hien dann nach mat dem Psychothriller Whatever Happened to Baby Jane? (1962) an dem Krichsfilm The Dirty Dozen (1967) mam Lee Marvin.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]