Burt Lancaster

Vu Wikipedia
Burt Lancaster
Gebuertsnumm Burton Stephen Lancaster
Gebuer 2. November 1913
New York
Gestuerwen 20. Oktober 1994
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun New York University
Aktivitéit Filmproduzent, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmregisseur, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Zirkusartist, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Norma Anderson
Kanner Bill Lancaster, Joanna Lancaster, Susan Lancaster, Sighle Lancaster, Jimmy Lancaster
Kuelestëftzeechnung vum Burt Lancaster nom Oscargewënn 1960

De Burt Lancaster, gebuer als Burton Stephen Lancaster den 2. November 1913 zu New York a gestuerwen den 20. Oktober 1994 zu Century City war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmproduzent a Filmregisseur.

De Burt Lancaster krut am Film noir The Killers (1946) vum Robert Siodmak no enger Geschicht vum Ernest Hemingway seng éischt Roll an engem Film. Duerno ass hien am Abenteuerfilm The Flame and the Arrow (1950) vum Jacques Tourneur an am Piratefilm The Crimson Pirate (1952) vum Robert Siodmak opgefall.

Seng éischt grouss dramatesch Roll krut hien am Krichsdrama From Here to Eternity (1953) vum Fred Zinnemann.

An den 1950er Joren huet hien an de Western Vera Cruz (1954) vum Robert Aldrich a Gunfight at the O.K. Corral (1957) vum John Sturges eng Haaptroll iwwerholl..

Hie krut fir seng Roll als dämonesche Wanderpriedeger am Film Elmer Gantry (1960) den Oscar als beschte Schauspiller.

De Luchino Visconti huet him am Film Il gattopardo (1963) als Principe Don Fabrizio di Salina eng vu senge schéinste Filmrollen offréiert. Onvergiesslech ass déi Zeen wou hien op engem Bal eng Walz mat der jonker Clauda Cardinale danzt.

Duerno ass hien och nach an aneren interessante Filmer wéi am Western The Professionals (1960) vum Richard Brooks, am Krichsfilm Castle Keep (1969) vum Sydney Pollack, am historesche Filmdrama Novecento (1976) vum Bernardo Bertolucci an am Kaméidisfilm Local Hero(1983) vum Bill Forsyth opgetrueden.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1946 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

Auszeenungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961: Oscar als beschte Schauspiller an enger Haaptroll fir Elmer Gantry
  • 1963: Golden-Globe als beschte Schauspiller an engem dramatesche Film fir Elmer Gantry

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tony Thomas: Burt Lancaster. Seine Filme, sein Leben. Heyne, München 1981, ISBN 3-453-86030-6.
  • Robin Karney: Burt Lancaster - Ein eigenwilliger Mann. Gremese, Rom 1997, ISBN 88-7301-202-7.
  • Kate Buford: Burt Lancaster: An American Life. Aurum Press, London 2000, ISBN 1-85410-740-2.
  • Ed Andreychuk: Burt Lancaster: A Filmography and Biography. McFarland, Jefferson 2000, ISBN 0-7864-0436-1.
  • David Fury: The Cinema History of Burt Lancaster., Artists Press, Minneapolis 1989, ISBN 0-924556-00-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Burt Lancaster – Biller, Videoen oder Audiodateien