Claude Rains

Vu Wikipedia
Claude Rains
Gebuer 10. November 1889
Clapham
Gestuerwen 30. Mee 1967
Laconia
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Famill
Papp Fred Rains

De Claude Rains, gebuer den 10. November 1889 zu London, England a gestuerwen den 30. Mee 1967 zu Laconia, New Hampshire, USA, war en englesch-US-amerikanesche Schauspiller.

De Claude Rains stoung mat 11 Joer fir d'éischt zu London op der Bün. Am Éischte Weltkrich war hie vun 1915 bis 1919 an der Arméi. Vun 1926 un huet hien haaptsächlech an den USA am Theater geschafft. Am Joer 1939 krut hien d'US-amerikanesch Nationalitéit.

Am Alter vu 44 Joer krut hien 1933 seng éischt Haaptroll am Film The Invisible Man, vum James Whale. Duerno war hien a villen Hollywoodfilmer ze gesinn. Bekannt ass hie besonnesch duerch d'Roll vum Policechef Renault am Film Casablanca vum Michael Curtiz aus dem Joer 1942.

Aner bekannt a bedeitend Rollen huet hien a Filmer wéi The Adventures of Robin Hood (1938) vum Michael Curtiz a William Keighley mam Errol Flynn, Mr. Smith Goes to Washington (1939) vum Frank Capra mam James Stewart, Notorious (1946) vum Alfred Hitchcock mam Cary Grant an Ingrid Bergman an a Lawrence of Arabia (1962) vum David Lean mam Peter O'Toole an Alec Guinness gespillt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1920 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1963[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claude Rains – Biller, Videoen oder Audiodateien