Olivia de Havilland

Vu Wikipedia
Olivia de Havilland
Gebuertsnumm Olivia Mary de Havilland
Gebuer 1. Juli 1916
Tokio
Gestuerwen 26. Juli 2020
16. Arrondissement
Nationalitéit USA, Vereenegt Kinnekräich, Frankräich
Aktivitéit Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Marcus Goodrich, Pierre Galante
Papp Walter Augustus de Havilland
Mamm Lillian Fontaine
Geschwëster Joan Fontaine
Kanner Gisèle Galante, Benjamin Briggs Goodrich

D'Olivia de Havilland, DBE, gebuer als Olivia Mary de Havilland den 1. Juli 1916 zu Tokio a gestuerwen de 25. Juli 2020 zu Paräis[1], war eng brittesch-US-amerikanesch Filmschauspillerin.

Si gouf fir d'éischt bekannt wéi si zesumme mam Errol Flynn an Aventuresfilmer wéi Captain Blood (1935) oder The Adventures of Robin Hood (1938) gespillt huet. Eng vun hire bekanntste Rolle war déi vun der Melanie Hamilton am Filmklassiker Gone with the Wind (1939), fir dee si hir éischt vun am Ganze fënnef Oscar-Nominéierunge krut an déi eenzeg an der Kategorie vun der beschter Schauspillerin an enger Nieweroll.

Nodeems d'Olivia de Havilland mat den Ingenue-Rollen um Enn vun den 1940er Joren opgehalen hat, gouf si fir hir Rollen an Hold Back the Dawn (1941), To Each His Own (1946), The Snake Pit (1948), an The Heiress (1949) bekannt, fir déi si allkéiers als bescht Schauspillerin nominéiert gouf. Gewonnen hat se den Oscar schlussendlech fir To Each His Own (1947) an The Heiress (1950).

D'Olivia de Havilland war d'Schwëster vun der Schauspillerin Joan Fontaine.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olivia de Havilland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Hollywood-Legend Olivia de Havilland ass dout. rtl.lu (26.07.2020). Gekuckt de(n) 26.07.2020.