Humphrey Bogart

Vu Wikipedia
Humphrey Bogart
als Spriecher vun engem Radiodrama (1945)
Gebuertsnumm Humphrey DeForest Bogart
Gebuer 25. Dezember 1899
New York
Gestuerwen 14. Januar 1957
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun Phillips Academy
Aktivitéit Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Séimann
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Lauren Bacall
Humphrey Bogart ëm 1950

Den Humphrey Bogart gebuer als Humphrey DeForest Bogart de 25. Dezember 1899 zu New York, a gestuerwen de 14. Januar 1957 zu Hollywood, war en US-amerikanesche Schauspiller.

En éischte Succès[änneren | Quelltext änneren]

Seng Carrière huet an den 30er Jore mat der Interpretatioun vu Gangsterbossen a Boxeren ugefaangen. 1941 kritt hie vum John Huston d'Chance, zu engem neie Filmtypus bäizedroen: mat senger Interpretatioun vum Sam Spade am The Maltese Falcon charakteriséiert hien den Typ vum Eenzelgänger. De Film noir ass gebuer. 1942 spillt e sech an de Filmklassikerhimmel. Am Film Casablanca spillt hien den zynischen Nightclub-Besëtzer Rick. Bei den Dréiaarbechten zu To Have and Have not 1945 léiert de Bogart d'Lauren Bacall kennen, déi Fra, déi hien nach am selwechte Joer bestuede wäert a mat där hie bis zu sengem Doud zesummenbleiwt. 1946 dréint hie The Big Sleep an 1947 Dead Reckoning; zweemol e Succès. 1948 spillt de Bogart am The Treasure of the Sierra Madre ee vun den dräi erfolleglose Goldsicher.

Etabléiert an de 50er[änneren | Quelltext änneren]

1951 spillt hie seng wuel schéinst Roll: Als Charlie Alnutt am African Queen spillt hien den net méi ganz jonke Kapitän deen et net nëmme mat Bluttsëffer an Nazie mä och nach mat der Katharine Hepburn ze di kritt. Dës Roll bréngt him den Oscar als beschten Haaptduersteller. 1954 hat hie bal nach en zweete vun deene Giele mat heemhuele kënnen: am Edward Dmytryk sengem The Caine Mutiny begeeschtert hien d'Kritiker. Nach am selwechte Joer dréint hien The Barefoot Contessa mat der Ava Gardner a Sabrina. Dëse Film ass wuel Schold drun datt den Humphrey Bogart ni méi e Film mam Billy Wilder zesumme gedréit huet; de Bogart huet d'Roll akzeptéiert well him versprach gouf, datt d'Lauren Bacall géif matspillen. Mä amplaz kréien d'Audrey Hepburn an de William Holden d'Rollen. Am We're No Angels spillt hien e Gefaangenen, zesumme mam Peter Ustinov. Vum Kriibs gezeechent gëtt him seng lescht Roll am The Harder They Fall (1956) nach eng lescht Kéier d'Méiglechkeet, säi ganzt Kënnen ze weisen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

vun 1928 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1955[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Humphrey Bogart – Biller, Videoen oder Audiodateien
Video