Audrey Hepburn

Vu Wikipedia
Audrey Hepburn
am Film "Roman Holiday" (1953)
Gebuertsnumm Audrey Kathleen Ruston
Pseudonym Edda van Heemstra
Gebuer 4. Mee 1929
Bréissel
Gestuerwen 20. Januar 1993
Tolochenaz
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Mannequin, Filmschauspiller, Philanthrop, Dänzer, Ballettdänzer, Schauspiller, Humanitarier
Famill
Bestuet mat Mel Ferrer, Andrea Dotti
Liewenspartner(in) Robert Wolders
Mamm Ella van Heemstra
D'Audrey Hepburn am Film "Sabrina" (1954)
D'Audrey Hepburn am Film "Breakfast at Tiffany's" (1961)
D'Audrey Hepburn (1981)

D'Audrey Hepburn, gebuer de 4. Mee 1929 zu Ixelles an der Belsch a gestuerwen den 20. Januar 1993 zu Tolochenaz (Kanton Vaud, Schwäiz); eigentlech Audrey Kathleen Hepburn-Ruston, war eng Schauspillerin mat brittesch-hollänneschen Originnen.

Si hat kleng Statisterollen a Filmer, wéi se vun der franséischer Schrëftstellerin Colette entdeckt gouf, fir d'Haaptroll vun hirem Stéck Gigi um Broadway ze spillen. Dat hat e grousse Succès, an Hollywood gouf op se opmierksam. Direkt fir hir éischt Haaptroll am Film Roman Holiday (1953) (mam Gregory Peck) krut si 1954 en Oscar.

Si huet an den 1950er an 1960er Joren zu de populäerste Stare gezielt. Si hat grousse Succès mat Filmer wéi Sabrina, War and Peace (mam Mel Ferrer, dee se beim Theaterstéck Ondine kennegeléiert hat an dee se du bestuet huet), Breakfast at Tiffany's, My Fair Lady oder Wait until Dark.

Fir hir kënschtleresch Leeschtunge krut si ë. a. den Oscar, dräi Golden Globes, een Emmy, zwéin Tony Awards an ee Grammy.

Méi spéit am Liewen huet si bal nëmmen nach als UNICEF-Sonnerambassadrice geschafft.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur (z. D. däitsch Iwwersetzungen)[änneren | Quelltext änneren]

  • Ellen Fontana: Audrey 100. Eine traumhafte Reise in Bildern - ausgewählt von ihrer Familie. Vorwort: Sean Hepburn Ferrer, Edel, Hamburg, 2011, 192 S., ISBN 978-3-8419-0062-3.
  • Yann-Brice Dherbier (Hrsg.): Audrey Hepburn. Bilder eines Lebens, Geleitwort: Hubert de Givenchy, ergänzender biografischer Essay: Axelle Emden, Henschel Verlag, Berlin 2007, ISBN 978-3-89487-581-7.
  • Sean Hepburn Ferrer: Audrey Hepburn: Melancholie und Grazie. Henschel, Berlin 2004, ISBN 3-89487-475-9.
  • Berndt Schulz: Audrey Hepburn. Lolita der H-Linie., in Adolf Heinzlmeier, Berndt Schulz, Karsten Witte: Die Unsterblichen des Kinos. Band 2: Glanz und Mythos der Stars der 40er und 50er Jahre. S. Fischer, Frankfurt am Main 1980, ISBN 3-596-23658-4, S. 202-209.
  • Donald Spoto: Audrey Hepburn- Ein Leben, Krüger Verlag, Frankfurt am Main 2007, ISBN 978-3-8105-1863-7, 399 S., mit s/w-Aufnahmen.
  • Norbert Stresau: Audrey Hepburn: Ihre Filme - ihr Leben. Heyne, München 1993, ISBN 3-453-86085-3.
  • Sam Wasson: Verlieben Sie sich nie in ein wildes Geschöpf. Audrey Hepburn und „Frühstück bei Tiffany“, aus dem Englischen von Dörte Kaiser. Steidl Verlag, Göttingen 2011, ISBN 978-3-86930-239-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Audrey Hepburn – Biller, Videoen oder Audiodateien