Blake Edwards

Vu Wikipedia
Blake Edwards
Gebuertsnumm William Blake Crump
Gebuer 26. Juli 1922
Tulsa
Gestuerwen 15. Dezember 2010
Santa Monica
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Sculpteur, Regisseur
Member vun WGA West
Famill
Bestuet mat Julie Andrews
Kanner Geoffrey Edwards

De William Blake McEdwards, bekannt als Blake Edwards, gebuer de 26. Juli 1922 zu Tulsa (Oklahoma), a gestuerwen de 15. Dezember 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.

Hien huet seng Karriär an den 1940er Joren als Schauspiller ugefaangen. Duerno huet hien eng sëlechen Dréibicher a Radios-Lauschterspill-Serië geschriwwen. 1955 huet hien eng éischt Kéier Regie gefouert (Bring Your Smile Along). Seng Televisiounsserie Peter Gunn hat e grousse Succès.

Zu senge bekanntste Wierker ziele Kaméidisfilmer, virop d'Pink Panther-Serie an The Party, all Kéier mam Peter Sellers an der Haaptroll, mä och méi eescht Filmer, wéi Breakfast at Tiffany's (1961), mat der Audrey Hepburn an dem George Peppard, oder Days of Wine and Roses (1962), mam Jack Lemmon.

2004 krut de Blake Edwards den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Filmographie (als Regisseur)[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Four Star Playhouse (1954)
  • Peter Gunn (Serie, 1958)
  • Mr. Lucky (Serie, 1959)
  • Julie and Dick at Covern Garden (1973)
  • Justin Case (1988)
  • Peter Gunn (1989)
  • Victor/Victoria (1995)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]