Natalie Wood

Vu Wikipedia
Natalie Wood
Portrait vun 1973
Gebuertsnumm Наталья Николаевна Захаренко, Natalja Nyikolajevna Zaharenko
Gebuer 20. Juli 1938
San Francisco
Gestuerwen 29. November 1981
Doudesursaach Erdrénken
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Kannerschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Robert Wagner, Richard Gregson, Robert Wagner
Geschwëster Lana Wood
D'Natalie Wood am Film "Penelope" (1966)

D'Natalie Wood, gebuer als Natalia Nikolaevna Zakharenko den 20. Juli 1938 zu San Francisco a gestuerwen den 29. November 1981 virun der Santa Catalina Island, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

D'Natalie Wood huet schonn als Kand an Hollywoodfilmer gespillt, a gouf an den 1950er Joren e grousst Teenager-Idol, nodeems se nieft dem James Dean am Rebel without Cause gespillt hat. Fir hir Roll als Judy gouf si fir den Oscar als bescht weiblech Nieweroll nominéiert a krut an där Kategorie e Golden Globe Award.

Hire gréisste Succès am Kino hat se 1961 mat hirer Roll vun der Maria an der Verfilmung vum Leonard Bernstein sengem West Side Story, wou si beim Gesang vun der Marni Nixon gedoubelt gouf.

Si war laang an enger deels stiermescher Relatioun mam Schauspiller Robert Wagner zesummen, respektiv bestuet.

D'Natalie Wood ass bei enger Bootsfaart, bei där hire Mann Robert Wagner an de Schauspiller Christopher Walken derbäiwaren, erdronk.

De Peter Bogdanovich huet hiert Liewen 2004 mat der südafrikanescher Schauspillerin Justine Waddell ënner dem Titel The Mystery of Natalie Wood verfilmt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Natalie Wood – Biller, Videoen oder Audiodateien