Elia Kazan
Elia Kazan | |
---|---|
Gebuer |
7. September 1909 Konstantinopel |
Gestuerwen |
28. September 2003 New York |
Nationalitéit | USA, Griicheland |
Educatioun |
Williams College, Yale School of Drama, Juilliard School |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Filmschauspiller, Regisseur, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Barbara Loden, Frances Kazan, Molly Kazan |
Den Elia Kazan, griichesch Ηλίας Καζαντζόγλου, tierkesch Elias Kazancıoğlu, gebuer de 7. September 1909 zu Konstantinopel (haut Istanbul), am Osmanesche Räich, a gestuerwen den 28. September 2003 zu New York, war en US-amerikanesche Film- an Theaterregisseur a Schrëftsteller vu griicheschen Originnen.
An den 1950er Jore war hien ee vun de renomméiertsten an erfollegräichsten Hollywood-Regisseuren, dee mat senge Filmdrame wéi A Streetcar Named Desire (1951), On the Waterfront (1954) an East of Eden (1955) international bekannt gouf. Hie krut dräimol en Oscar an en Tony Award. Virdrun hat hie sech um Broadway als Theaterregisseur en Numm gemaach, z. B. mam Tennessee Williams sengem A Streetcar... an dem Henry Miller sengem Death of a Salesman. Hien huet den Actor's Studio mat gegrënnt, aus deem bekannt Schauspiller wéi de Marlon Brando oder den James Dean ervirgoungen (an déi a senge Filmer matgespillt hunn).
Zënter den 1970er Joren huet hie virun allem als Schrëftsteller geschafft, hien huet 7 Romaner an eng Autobiographie publizéiert.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1937: People of the Cumberland - (Kuerzfilm)
- 1943: A Tree Grows in Brooklyn - Haaptacteuren: Dorothy McGuire, Joan Blondell, Lloyd Nolan
- 1945: Watchtower Over Tomorrow - (Kuerzfilm)
- 1947: The Sea of Grass - Haaptacteuren: Katharine Hepburn, Spencer Tracy, Robert Walker
- 1947: Boomerang! - Haaptacteuren: Dana Andrews, Jane Wyatt, Lee J. Cobb
- 1947: Gentleman's Agreement - Haaptacteuren: Gregory Peck, Dorothy McGuire, John Garfield
- 1949: Pinky - Haaptacteuren: Jeanne Crain, Ethel Barrymore, Ethel Waters
- 1950: Panic in the Streets - Haaptacteuren: Richard Widmark, Paul Douglas, Barbara Bel Geddes
- 1951: A Streetcar Named Desire - Haaptacteuren: Vivien Leigh, Marlon Brando, Karl Malden
- 1952: Viva Zapata! - Haaptacteuren: Marlon Brando, Jean Peters, Anthony Quinn
- 1953: Man on a Tightrope - Haaptacteuren: Fredric March, Terry Moore, Cameron Mitchell
- 1954: On the Waterfront - Haaptacteuren: Marlon Brando, Karl Malden, Lee J. Cobb
- 1955: East of Eden - Haaptacteuren: Julie Harris, James Dean, Raymond Massey
- 1956: Baby Doll - Haaptacteuren: Karl Malden, Carroll Baker, Eli Wallach
- 1957: A Face in the Crowd - Haaptacteuren: Andy Griffith, Patricia Neal, Anthony Franciosa
- 1960: Wild River - Haaptacteuren: Montgomery Clift, Lee Remick, Jo Van Fleet
- 1961: Splendor in the Grass - Haaptacteuren: Natalie Wood, Warren Beatty, Pat Hingle
- 1963: America, America - Haaptacteuren: Stathis Giallelis, Frank Wolff, Harry Davis
- 1969: The Arrangement - Haaptacteuren: Kirk Douglas, Faye Dunaway, Faye Dunaway
- 1972: The Visitors - Haaptacteuren: Patrick McVey, Patricia Joyce, James Woods
- 1976: The Last Tycoon - Haaptacteuren: Robert De Niro, Tony Curtis, Robert Mitchum, Jeanne Moreau
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- H. Belach, W. Jacobson: Elia Kazan. ISBN 3-931321-50-9.
- Kazan Elia: Filmarbeit. Alexander, Berlin 2007.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Elia Kazan – Biller, Videoen oder Audiodateien |