Andy Griffith

Vu Wikipedia
Andy Griffith
Gebuertsnumm Andy Samuel Griffith
Gebuer 7. Juni 1926
Mount Airy
Gestuerwen 3. Juli 2012
Manteo
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun University of North Carolina at Chapel Hill
Aktivitéit Filmproduzent, Sänger, Synchronspriecher, Museker, Liddermécher, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Enseignant, Televisiounsproduzent, Museksprofesser, Komiker
Partei Demokratesch Partei

Den Andy Samuel Griffith, gebuer den 1. Juni 1926 zu Mount Airy (North Carolina), a gestuerwen den 3. Juli 2012 zu Manteo (North Carolina), war een US-amerikanesche Schauspiller. Seng bekanntst Roll war déi vum Benjamin Matlock an der Tëleesserie Matlock.

De Griffith hat en éischte Succès 1955 am Broadway-Theaterstéck No Time for Sergeants, déi méi spéit och mat him verfilmt gouf. Huet hien de Sheriff Andy Taylor an der The Andy Griffith Show gespillt. Fir seng Roll als Ash Robinson am Tëleesfilm Murder in Texas gouf hie fir den Emmy Award nomminiéert.

1972 huet de Griffith seng eege Produktiounsfirma opgeriicht, déi eng sëllege Showen an Tëleesserië produzéiert huet.

A Serie wéi The Love Boat, Hawaii Five-O, Diagnosis Murder oder Dawson's Creek hat hie Gaaschtoptrëtter. Hien huegt och an enger ettlecher Filmer matgespillt, wéi Rustlers' Rhapsody, Spy Hard, Daddy and Them a Waitress.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andy Griffith – Biller, Videoen oder Audiodateien