Henry Miller

Vu Wikipedia
Henry Miller
Gebuer 26. Dezember 1891
Yorkville
Gestuerwen 7. Juni 1980
Pacific Palisades
Nationalitéit USA
Educatioun City College of New York
Aktivitéit Schrëftsteller, Moler, Romancier, Novellist, Essayist
Member vun American Academy of Arts and Letters
Famill
Bestuet mat onbekannt, June Miller, onbekannt, onbekannt

Den Henry Miller, gebuer de 26. Dezember 1891 zu New York City a gestuerwen de 17. Juni 1980 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Säi bekanntste Wierk ass Tropic of Cancer (Wendekrees vum Kriibs) aus dem Joer 1934.

Den Henry Miller ass zu Brooklyn, New York opgewuess. Hien huet säi Studium no zwéi Méint ofgebrach a sech mat verschiddenen Aarbechten duerchgeschloen. 1917 huet hie sech mat der Beatrice Sylvas Wickens bestuet, si kruten eng Duechter.

1920 gouf de Miller Personalchef fir d'Bréifdréier beim Western Union Telegraph Service. An där Zäit huet hie Versich gemaach ze schreiwen, mä war net iwwerzeegt vu sech selwer. Hien hat eng Relatioun mat der June Edith Smith Mansfield, wat him erméiglecht huet, e puer Su zesummenzespueren, fir 1930 op Paräis wunnen ze goen.

Mä do hat en et net einfach. Hien huet sech mat Aushëllefsjobs als Korrekter (an der Hëllef vu Kolleegen) duerchgeschloen. 1931 huet hie säin éischte Roman, Tropic of Cancer geschriwwen, deen 1934 publizéiert gouf. Duerno schrouf e Black Spring an Tropic of Capricorn. Hien hat zu Paräis eng Relatioun mat der Anaïs Nin.

1940 ass hien hannescht an Amerika geplënnert, wou en zum groussen Deel zu Big Sur, Kalifornien, gewunnt huet. Hien ass do 1980 gestuerwen.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem Miller seng Romaner si lieweg geschriwwen, a sinn eng Mëschung aus zum Deel Erliefnesser vum Miller an erfonnten, heiansdo surrealen Episoden. Si kritiséieren dacks kulturell oder moralesch Normen. Wéinst hiren zum Deel krasse Beschreiwunge vu Sexualitéit goufe s'als "Obszönitéit" an den USA verbueden, wat dem Miller säin Nimbus als "Underground"-Auteur verstäerkt huet. Eréischt 1964 huet dat Iewescht Geriicht vun den USA d'Verkafsverbuet vun engem Staatsgeriicht kasséiert, soudatt en op een Zock engem méi grousse Public bekannt gouf.

Nieft deenen zwéin 'Tropics' ass och d'Trilogie Sexus, Plexus, Nexus a Quiet days in Clichy a vill Sproochen iwwersat ginn.

Quiet Days in Clichy - D'Episod zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Roman Quiet Days in Clichy fueren d'Haaptprotagonisten - den Erzieler a säi Kolleeg - vu Paräis fir e Week-end op Lëtzebuerg. De Miller beschreift d'Awunner, deenen hir Gesiichter de glécklege Glach vu Kéi hätten ("the faces of the inhabitants were stamped with a sort of cow-like bliss"), fënnt et onméiglech, datt et an der Stad Lëtzebuerg e judenfreies Café gëtt a beschwéiert sech, datt do näischt lass wier. Dat eenzegt, wat d'Leit intresséiere géif, wier, ze wëssen, op wat fir eng Säit vun hirer Schmier de Botter kéim. Se kéinte kee Brout maachen, mä se wéissten, wéi een et bottere géif.[1]

An engem Bréif un d'Anaïs Nin aus dem Juni 1933 beschreift e seng Rees op Lëtzebuerg, déi d'Grondlag fir d'Romanbeschreiwung war, sou:

Les repas sont stupéfiants, le soleil éclatant, l'air est revigorant, la musique vous endort, les cafés sont remplis par la fumé des cigares, les amuseurs sont simples d'esprit, les prix sont absurdes, les banques sont des cathédrales, les portes n'ont pas de serrures, les putains ressemblent à des duchesses et les duchesses élèvent leurs enfants.
L'ensemble très opéra-bouffe, baroque, polyglotte, fragile, clinquant - l'esprit allemand in extremis - (...).[2]

D'Buch gouf 1970 vum Jens Jørgen Thorsen ënner dem Titel Stille dage i Clichy verfilmt. Wéi de Film 1972 zu Lëtzebuerg gewise sollt ginn, gouf en zensuréiert, wat zu enger zolitter Poleemik an der Press gefouert huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stille dage i Clichy.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. All they were concerned about was to know on which side their bread was buttered. They couldn't make bread, but they could butter it. Quiet days in Clichy, S. 65.
  2. Henry Miller: Lettres à Anaïs Nin, 1967, S.143.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henry Miller – Biller, Videoen oder Audiodateien