Anaïs Nin

Vu Wikipedia
Anaïs Nin
Gebuertsnumm Ángela Anaïs Juana Antolina Rosa Edelmira Nin Culmell
Gebuer 21. Februar 1903
Neuilly-sur-Seine
Gestuerwen 14. Januar 1977
Los Angeles
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Kuba, USA, Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Autobiograph, Diarist, Dréibuchauteur, Romancier, Dänzer
Member vun American Academy of Arts and Letters

D'Anaïs Nin, gebuer den 21. Februar 1903 zu Neuilly-sur-Seine als Angela Anaïs Juana Antolina Rosa Edelmira Nin y Culmell, a gestuerwen de 14. Januar 1977 zu Los Angeles, war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin.

D'Anaïs Nin war d'Duechter vum kubanesch-spuenesche Komponist a Pianist Joaquín Nin y Castellanos an der kubanesch-dänescher Rosa Culmell y Vigaraud. Wéi d'Nin eelef Joer hat, huet de Papp d'Famill verlooss an d'Mamm ass mat den 3 Kanner op New York geplënnert. Do huet d'Anaïs geschwënn dono d'Schoul geschmass a gouf Mannequin.

1923 huet si sech mam Hugo Guiler, dee spéider als Filmproduzent Ian Hugo bekannt gouf, bestuet. 1924 si si zesummen op Paräis wunne gaangen. Zesumme mat hirem Mann huet si avantgardistesch Kënschtler ënnerstëtzt an huet sou och den Henry Miller kenne geléiert, mat deem se jorelaang eng Affär hat an deem säi literarescht Wierk se staark influenzéiert huet.

1940 ass si, nom däitschen Amarsch, an d'Vereenegt Staaten hannescht gaangen. 1947 huet se sech mam Rupert Pole bestuet, dee 17 Joer méi jonk wéi si war. Mat him huet se zu Los Angeles gelieft, zu New York war se weider mam Hugo Guiler zesummen.

D'Anaïs Nin ass virun allem wéinst hiren Dagebicher bekannt, souwéi och Romaner an erotesch Erzielunge mat explizit beschriwwene sexuellen Handlungen, déi ë. a. am Delta of Venus zesummegefaasst sinn.

Hir Wierker vermësche Biographie mat Fiktioun, Dramliewen an dat Onbewosst. Si si staark vun de psychoanalyteschen Theorië vum Sigmund Freud a vum Carl Gustav Jung beaflosst.

1994 gouf de Venuskrater Nin no hir genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Romaner an Erzielungen[änneren | Quelltext änneren]

  • The House of Incest, 1936
  • Winter of Artifice, 1939
  • Ladders to Fire, 1946
  • Children of the Albatross, 1947
  • The four-chambered Heart, 1950
  • A Spy in the House of Love, 1954
  • Solar Barque, 1958
  • Seduction of the Minotaur, 1961 (Erweidert Versioun vu Solar Barque)
  • Cities of the Interior, 1959 (dora si Ladders to Fire, Children of the Albatross, The four-chambered Heart a Seduction of the Minotaur)
  • Collages, 1964
  • Waste of Timelessness, 1977
  • Delta of Venus, 1977
  • Little Birds, 1979

Dagebicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Early Diary 1914–1920.
  • Early Diary 1920–1923.
  • Early Diary 1923-1927.
  • Early Diary 1927–1929.
  • Early Diary 1927–1931.
  • Diary 1931–1934.
  • Diary 1934–1939.
  • Diary 1939–1944.
  • Diary1944–1947.
  • Diary 1947–1955.
  • Diary 1955–1966.
  • Diary 1966–1974.
  • Henry and June. (1931-32) 1986
  • Incest. (1932-34) 1992
  • Fire. (1934-37) 1995
  • Nearer the Moon. (1937-39) 1996

Bréiwer[änneren | Quelltext änneren]

  • A literate Passion. Letters of Anaïs Nin and Henry Miller. 1932–1953. Ed. by Gunther Stuhlmann, Allison&Busby, London 1988

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Deirdre Bair: Anaïs Nin. Eine Biographie. Goldmann, München 1998. ISBN 3-442-72335-3
  • Elisabeth Barillé: Maskierte Venus. Das Leben der Anaïs Nin. Knaus, München 1992. ISBN 3-8135-0078-0
  • Noël Riley Fitch: Anaïs. Das erotische Leben der Anaïs Nin. Europa-Verlag, Wien 1995. ISBN 3-203-51237-8
  • Dietrich Gronau: Anaïs Nin. Erotik und Poesie. Heyne-Bücher. Bd 12. Heyne-Biographien. Bd 235. Heyne, München 1993. ISBN 3-453-06346-5
  • Linde Salber: Anaïs Nin. Mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlts Monographien. Bd 482. Rowohlt, Reinbek bei Hamburg 1992. ISBN 3-499-13921-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anaïs Nin – Biller, Videoen oder Audiodateien