Tony Awards

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tony Award)
Den James Monroe Iglehart mam Tony Award. D'Skulptur vum Präis ass eng grouss Medail.

Den Tony Award, offiziell Antoinette Perry Award for Excellence in Theatre, ass en US-amerikaneschen Theater- a Musicalpräis.

En ass op Stécker limitéiert, déi am New Yorker Theaterquartier Broadway opgefouert ginn.

De Präis existéiert zënter 1947 a gehéiert zu de renomméiertsten Entertainmentspräisser an den USA, nieft dem Academy Award ("Oscar") fir Filmer, dem Emmy Award fir Televisioun an dem Grammy Award fir Musek.

D'Theaterstéck mat de meeschten Nominatioune war Slave Play (2020) mat 12 Nominatiounen. Dat Stéck, dat am meeschten ausgezeechent gouf ass The Coast of Utopia vum Tom Stoppard (2007), dat 7 Präisser krut. Bei de Musicals war et Hamilton (2016) mat 16 Nominatiounen, a The Producers mat 12 Auszeechnungen.[1] (Stand: 2021)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tony Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tonyawards.com: Facts & Trivia - Quick Facts (gekuckt den 20. November 2021)