Gregory Peck

Vu Wikipedia
Gregory Peck
De Gregory Peck 1948
Gebuertsnumm Eldred Gregory Peck
Gebuer 5. Abrëll 1916
San Diego
Gestuerwen 12. Juni 2003
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun San Diego State University,
University of California,
Neighborhood Playhouse
Aktivitéit Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Greta Kukkonen, Veronique Peck
Kanner Cecilia Peck

Den Eldred Gregory Peck, gebuer de 5. Abrëll 1916 zu La Jolla, Kalifornien a gestuerwen den 12. Juni 2003 zu Los Angeles, war in US-amerikanesche Schauspiller.

Hie war vun den 1940er bis zu den 1960er Joren ee vun deene weltwäit populäerste Filmstaren, an huet bis un d'Enn vun den 1970er Joren Haaptrollen a Filmer gespillt. Am bekanntsten däerft hie fir seng Roll vum Atticus Finch am Film To Kill a Mockingbird (1962) sinn, woufir en en Oscar als beschte Schauspiller krut. Fir déi selwecht Auszeechnung gouf hien nominéiert fir The Keys of the Kingdom (1944), The Yearling (1946), Gentleman's Agreement (1947) an Twelve O'Clock High (1949). Aner bekannt Filmer an deenen e matgespillt huet, sinn ë. a. Spellbound (1945), The Paradine Case (1947), Roman Holiday (1953), Moby Dick (1956), On the Beach (1959), The Guns of Navarone (1961), Cape Fear (1962), an de Remake dovun mam selwechten Numm vun 1991, How the West Was Won (1962), The Omen (1976) an The Boys from Brazil (1978).

1969 krut hie vum President Lyndon Johnson d'Presidential Medal of Freedom fir säi lieweslaangen Asaz fir humanitär Zwecker.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gregory Peck – Biller, Videoen oder Audiodateien