Alfred Hitchcock

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Alfred Hitchcock

De Sir Alfred Joseph Hitchcock, gebuer den 13. August 1899 zu London an England a gestuerwen den 29. Abrëll 1980 zu Los Angeles, war en englesche Filmregisseur a Filmproduzent.

Den Alfred Hitchcock war dat jéngst vun dräi Kanner vum William Hitchcock, vu Beruff Epicier a Geméishändler, an der Emma Jane Whelan. De jonken Alfred ass kathoulesch erzu ginn an hien huet zu London de Saint Ignatius College besicht, eng Schoul déi vu Jesuite gefouert gouf. Wéi hie 14 Joer hat, ass säi Papp gestuerwen.

Den Alfred Hitchcock an den englesche Film[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1920 hat den Alfred Hitchcock säin éischte Kontakt mam Film. Fir d'Famous Players Film Company-Lasky huet hie Filtëschentitele fir Stommfilmer gemaach. Am Joer 1922 krut hien d'Chance Regie an dem Film mam Titel No 13 ze féieren. De Film ass awer ni fäerdeg ginn.

1925 huet hien zu München ugefaangen de Film The Pleasure Garden ze dréinen, déi dann 1927 an d'Kinoe koum. 1926 huet den Alfred Hitchcock sech mat senger Filmassistentin Alma Reville bestuet. Si gouf seng enkste Mataarbechterin an all senge Filmer.

Den éischten echten Hitchcockfilm, wéi hie selwer zum François Truffaut sot, war dann 1927 The Lodger: A Story of the London Fog.

Mat Blackmail huet den Hitchcock am Joer 1929 säin éischten Tounfilm gedréint. Seng interessant Filmer an den 1930er Jore waren The Man who Knew too much an The 39 Steps.

Den Alfred Hitchcock an Amerika[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Film Rebecca huet den David O. Selznick den Alfred Hitchcock 1940 op Hollywood geholl. Hei huet hien 1943 ee vu senge beschte Filmer aus den 1940er Joren, Shadow of a Doubt gedréint. Et ass dëst eng ganz schwaarz Geschicht ëm e jonkt Meedchen dat säi Monni verdächtegt, e Mäerder ze sinn.

Mat dem Film Rope, no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton, huet den Hitchcock am Joer 1948 säin éischte Faarffilm gedréint.

Besonnesch bekannt si seng 3 Filmer mat der Grace Kelly an der Haaptroll, et sinn dat Dial M for Murder (an der 3D Technik gedréint), Rear Window an To Catch a Thief. A wonnerschéine Faarwe presentéiert sech dann The Trouble with Harry, e Film voll mat schwaarzem Humor.

Vill Filmkritiker gesinn dem Hitchcock säi Film Vertigo als säi perséinlechsten un. Hei geet et ëm e Polizeibeamten deen ënner Héichtenangscht, ënner Akrophobie leit. Déi Angscht spillt am Film d'Haaptroll.

North by Northwest ass e flotte Verfolgungs-Thriller. Bekannt ass besonnesch déi Zeen an där den Held (Cary Grant) op oppenem Feld vun engem Fliger ugegraff gëtt an d'Zeenen déi sech op de stenge Käpp vun den amerikanesche Presidenten um Mount Rushmore ofspillen.

Psycho, e Grujelfilm a schwaarz-wäiss gedréint mat engem ganz klenge Budget, gouf ee vum Hitchcock senge groussen Erfolleger, besonnesch bekannt ass déi Zeen an där d'Marion Crane (Janet Leigh) an der Dusch erstach gëtt.

Beim Film The Birds lafen dem Spectateur d'Schudderen de Réck erof, wann op eng Kéier brav Villercher ufänken d'Mënschen unzegräifen.

No Marnie huet den Hitchcock nach e puer Filmer gedréint, déi awer net méi u seng viregt Filmer erukoumen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Stommfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Tounfilmer[änneren | Quelltext änneren]

vun 1929 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1976[änneren | Quelltext änneren]

Televisiounsfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Alfred Hitchcock presents[änneren | Quelltext änneren]

Suspicion[änneren | Quelltext änneren]

Ford Startime[änneren | Quelltext änneren]

The Alfred Hitchcock Hour[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfred Hitchcock – Biller, Videoen oder Audiodateien