Paul Lukas

Vu Wikipedia
Paul Lukas
Gebuertsnumm Pál Lukács
Gebuer 26. Mee 1894
Budapest
Gestuerwen 15. August 1971
Tanger
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit Ungarn, USA
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller

De Paul Lukas gebuer als Pál Lukács de 26. Mee 1894 zu Budapest a gestuerwen de 15. August 1971 zu Tanger, Marokko war en ungaresch-US-amerikanesche Schauspiller.

De Paul Lucas huet an 120 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Hien huet seng Schauspillercarrière 1915 beim Film ugefaangen. 1927 ass hien op Aluedung vum Adolph Zukor an d'USA gaangen. Hie krut do e Vertrag bei Paramount an huet a Filmer mat de grousse weibleche Stare vum Studio wéi Pola Negri a Kay Francis matgespillt.

Bekannt Filmer mat him si Little Women (1933) vum George Cukor, de Filmklassiker The Lady Vanishes (1938), vum Alfred Hitchcock, d'Jules Verne Verfilmung 20.000 Leagues Under the Sea (1954) vum Richard Fleischer, d'Samuel Bronston Superproduktioun, 55 Days at Peking (1963) vum Nicholas Ray a Lord Jim (1965) vum Richard Brooks

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Stommfilmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Tounfilmer[änneren | Quelltext änneren]

vun 1929 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1968[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]