Joan Crawford

Vu Wikipedia
Joan Crawford
Portrait vun 1936
Gebuertsnumm Lucille Fay LeSueur
Gebuer 23. Mäerz 1904
San Antonio
Gestuerwen 10. Mee 1977
New York
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Geschäftspersoun
Famill
Bestuet mat Douglas Fairbanks, Franchot Tone, Phillip Terry, Alfred Steele
Geschwëster Hal LeSueur
1926 mam Harry Langdon am Stommfilm Tramp, Tramp, Tramp
1962 am Film Whatever Happened to Baby Jane.

D'Joan Crawford, gebuer den 23. Mäerz 1904 zu San Antonio, Texas als Lucille Fay LeSueur, a gestuerwen den 10. Mee 1977 zu New York, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Si huet hir Carrière als Showgirl um Broadway ugefaangen. 1925 krut si hir éischt Filmroll a gouf bannent e puer Joer zu enger bekannter Schauspillerin. An den 1930er Joren huet si dacks Rolle gespillt, an deenen eng jonk, einfach Fra duerch Fläiss a Gléck zu engem bessere Liewe kënnt. Si gouf eng vun de prominentsten Hollywood-Staren an och eng vun den amerikanesche Frae mat der héchster Pai. Enn vun den 1930er Joren hunn hir Filmer net méi sou vill abruecht wéi virdrun, ma si huet 1945 e bemierkenswäerte Come-back mam Fim Mildred Pierce gemaach, fir dee s'en Oscar als bescht Schauspillerin krut.

1955 huet si de President vu Pepsi-Cola, Alfred Steele bestuet, a gouf aktiv an där Firma, wou si, nom Doud 1959 vun hirem Mann bis 1973 am Direktiounscomité souz. An den 1960er Joren huet si weider Kinos- an Tëleesfilmer gedréint, bis zu hirem leschte Film, Trog, engem britteschen Horrorfilm. Déi lescht Joren huet si zeréckgezunn gelieft.

Si war véier Moé bestuet, dorënner mam Douglas Fairbanks, Jr., an hat fënnef adoptéiert Kanner.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1925 bis 1929[änneren | Quelltext änneren]

vun 1930 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1970[änneren | Quelltext änneren]

Autobiographien[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Considine, Shaun (1989). Bette and Joan: The Divine Feud. New York, E. P. Dutton, a division of Penguin Books. ISBN 0-525-24770-X.
  • Bret, David (2006). Joan Crawford: Hollywood Martyr. Robson. ISBN 1-86105-931-0.
  • Granlund, Nils T. (1957). Blondes, Brunettes, and Bullets. New York, David McKay Company.
  • LaSalle, Mick (2000). Complicated Women: Sex and Power in Pre-Code Hollywood. New York, Thomas Dunne Books, an imprint of St. Martin's Press. ISBN 0-312-25207-2.
  • Newquist, Roy, with introduction by John Springer (1980). Conversations with Joan Crawford. New Jersey, Citadel Press, a division of Lyle Stuart, Inc. ISBN 0-8065-0720-9.
  • Thomas, Bob (1978). Joan Crawford: A Biography. New York, Bantam Books. ISBN 0-553-12942-2.
  • Just Joan: A Joan Crawford Appreciation by Donna Marie Nowak. Albany, BearManor Media 2010. ISBN 978-1-59393-542-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joan Crawford – Biller, Videoen oder Audiodateien