Stan Laurel
| Stan Laurel | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Arthur Stanley Jefferson |
| Gebuer |
16. Juni 1890 Ulverston |
| Gestuerwen |
23. Februar 1965 Santa Monica |
| Doudesursaach | Häerzschlag |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Aktivitéit | Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Komiker, Filmschauspiller, Cascadeur, Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur, Produzent |
| Gielercher | Éierenoscar, Stär um Hollywood Walk of Fame |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Lois Neilson (13.8.1926–11.10.1934) Ruth Rogers (1935–1937) Vera Ivanova Shuvalova (1.1.1938–1940) Ruth Rogers (1941–1946) Ida K. Laurel (6.5.1946–23.2.1965) |
| Liewenspartner(in) | Mae Dahlberg (1919–1925) |
| Papp | Arthur J. Jefferson |
|
| |
De Stan Laurel, mam richtegen Numm Arthur Stanley Jefferson, gebuer de 16. Juni 1890 zu Ulverston, Lancashire (haut Cumbria), England, a gestuerwen den 23. Februar 1965 zu Santa Monica, Kalifornien, war en englesche Schauspiller a Komiker, dee virun allem bekannt war als den "Dënnen" vum Komiker-Duo Den Décken an den Dënnen.
De Laurel war de Jong vun engem brittesche Show-Artist. 1910 ass hie fir d'éischt Kéier an d'Vereenegt Staate gaangen, als Member vun der Fred Karno-Trupp, an där och de Charlie Chaplin war. De Laurel ass an den USA bliwwen, wou e Vaudeville-Theater gespillt huet a geleeëntlech a Stommfilmer opgetrueden ass.
1926 huet hien ugefaangen, a Filmer fir d'Hal Roach-Studioe mam Oliver Hardy zesummenzeschaffen. Si hate geschwënn e grousse Succès als Stommfilm-Kommikerduo. Méi spéit hu si och Tounfilmer zesumme gemaach.
De Stan Laurel war de kreativen Deel vum Duo, deen am meeschten zu den Dréibicher bäigedroen huet.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]An der Gemeng Suessem, zu Bieles, gouf eng Strooss no him genannt.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stan Laurel – Biller, Videoen oder Audiodateien |

- ↑ L-4426.
