Oliver Hardy

Vu Wikipedia
Oliver Hardy
Gebuertsnumm Oliver Norvell Hardy
Gebuer 18. Januar 1892
Gestuerwen 7. August 1957
Hollywood
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Komiker, Filmschauspiller, Cascadeur, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmdréibuchauteur

Den Oliver Norvell Hardy, gebuer den 18. Januar 1892 zu Harlem, an Georgia, a gestuerwen de 7. August 1957 zu Hollywood, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Komiker, Filmschauspiller a Stommfilmregisseur.

Hie gouf weltbekannt als Deel vum Komikerduo Den Décken an den Dënnen, mat deem en, zesumme mam Stan Laurel, bannet 30 Joer (1921-1951) 106 Filmer gemaach huet. Ier déi zwéin 1927 ugefaangen hunn, zesumme Filmer ze maachenm hat den Hardy schonn an 270 Stommfilmer matgespillt, vun deenen der awer just nach eppes iwwer 100 bis haut erhale sinn.

1925 stoung hien an de Studioe vum Hal Roach ënner Kontrakt, wou och de Stan Laurel geschafft huet, a geschwënn ass opgefall, datt déi zwéin a Filmer gutt beienee passe géifen. Dem Hardy säi Personnage (den Décken) ass e wichtegméchereschen Typ, dee méi distinguiéiert wollt si wéi deen impulsiven Dënnen, an ënner deem sengen Topereien ze leiden huet, schlussendlech awer net vill manner infantil ass wéi deen.

Den Asteroid (2866) Hardy gouf no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oliver Hardy – Biller, Videoen oder Audiodateien