Den Décken an den Dënnen

Vu Wikipedia
Screenshort aus dem Film The Flying Deuces.

Den Décken an den Dënnen ass déi Bezeechnung, ënner där de Komiker-Duo Laurel and Hardy zu Lëtzebuerg allgemeng bekannt ass.

Et huet sech aus dem a Groussbritannien gebuerene Stan Laurel (1890-1965; "den Dënnen") an dem US-Amerikaner Oliver Hardy (1892-1957; "den Décken") zesummegesat. Déi zwéi ware fir hir Stomm- an Tounfilmer an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert bekannt; si sinn awer och an Amerika an an Europa am Theater opgetrueden.

1919 hu si eng éischt Kéier e Film zesumme gedréint (The Lucky Dog, deen 1921 erauskoum). Duerno hu se e puer Joer laang getrennt a Kuerzfilmer vun den Hal Roach Studioe matgespillt, ier se dann 1926 nees zesumme gedréint hunn an 1927 "offiziell" eng Ekipp goufen. Zu hire bekanntste Filmer ziele Sons of the Desert (1933), Way Out West (1937), a Block-Heads (1938) an d'Kuerzfilmer Big Business (1929), Liberty (1929), a The Music Box (1932), deen en Oscar fir de beschte Kuerzfilm krut.

1940 hunn déi zwéin d'Roach-Studioe verlooss, an tëscht 1941 an 1944 aacht Kaméidisfilmer fir d'20th Century Fox an d'Metro-Goldwyn-Mayer gedréint. Duerno si se 5 Joer op Theatertourné gaangen. Hire leschte Film, Atoll K, ass 1950 a Frankräich gedréint ginn.

D'Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

Béid Personnagë sinn net där Hellster, eng Zort erwuesse Kanner, déi deemnetspriechend séier iwwerfuerdert sinn, an all Versuch, sech aus kriddeleche Situatiounen erauszezéien, de Géigendeel provozéiert. Den "Décken" ass dobäi deen e bësse méi Distinguéierte vun deenen zwéin, dee fir sech an Usproch hëlt, ze kommandéieren, den "Dënnen" dee méi Naiven an Impulsiven.

Den Humor vun hire Sketcher baséiert virun allem op Situatiounskomik, entweeder, well se wéinst hirer onméiglecher Uluecht kleng Katastrophe provozéieren (wéi z. B., wou s'e Piano ausliwwere sollen), oder um Prinzip vum Slow burn gag, wou eng Situatioun, déi u sech kloer ass, extreem an d'Längt gezu gëtt (wéi z. B. déi Zeen, an där se mat engem aneren Autoschauffeur, deem s'eng kleng Téitsch gemaach hunn, no an no sech géigesäiteg hir Autoen huddel a fatz schloen).

Eierung[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng Suessem gëtt et eng Stan-Laurel- an direkt dernieft eng Oliver-Hardy-Strooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Den Décken an den Dënnen – Biller, Videoen oder Audiodateien