Stommfilm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dréiaarbeschten an den New Yorker Edison Studioen, zirka 1908

Als Stommfilm ginn zanter dem Opkomme vum Tounfilm an den 1920er Jore Kinofilmer ouni synchron Tounspur bezeechent.

De (Stomm-) Film ass um Enn vum 19. Joerhonnert a Westeuropa entstanen. De franséischen Erfinder Louis Le Prince (* 1842 zu Metz) huet de 14. Oktober 1888 den éischte Film vun der Geschicht gedréint. 1926 huet Warner Bros. deen éischten, deelweis synchroniséierte Film (Don Juan) realiséiert.

D'Opféierung vu Stommfilmer gouf an der Regel duerch aner Aktivitéiten ergänzt, sou z. B.:

  • Musek: Orchester, Piano bzw. Pianola, Grammophon;
  • Stëmm: eng Persoun huet während der Opféierung Erklärungen zum Film ginn;
  • Texter: Et goufen Texttafele mat Dialogen oder Erklärungen iwwer dat wat geschitt gewisen. Spéider goufen déi Texter an de Film integréiert.

Well de Gros vun der Handlung kloer vun de Biller ofgeleet huet musse ginn, hunn d'Acteure missen hir Gestik betounen, wat hautdesdaags dacks als iwwerdriwwen opgeholl gëtt (de sougenannten "over-acting").

De grousse Virdeel vum Stommfilm war seng Universalitéit, hie konnt iwwerall onofhängeg vun der Sprooch verstane ginn.

Ee vun deenen eelste lëtzebuergesche Stommfilmer ass "Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier", 1907 vum Peter Marzen a Wendel Marzen realiséiert.

De Film Panzerkräizer Potemkin (1925) gouf op der Weltausstellung 1958 zu Bréissel zum "Beschte Stommfilm aller Zäiten" gewielt.

Bekannt Produzente vu Stommfilmer sinn z. B. den Thomas Edison, de Buster Keaton an den Charlie Chaplin.

Filmbeispiller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Silent films – Biller, Videoen oder Audiodateien