Ancien Cinéma

Vu Wikipedia
Déi restauréiert Fassad vum ale Kino zu Veianen
Bannenusiicht vum ale Kino zu Veianen

Den ale Kino vu Veianen ass ee vun de jéngste Kinossäll zu Lëtzebuerg. Op der selwechter Adress war schonn emol e Kino mam Numm "Ciné Besseling", dee bis an d'70er Joren op war.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Ancien Cinéma ass am Dezember 2007 vun der polnescher Koppel Maciej & Hanna Karczewski ënner engem neie Konzept nees opgemaach ginn. Den 22. Mee 2008 gouf de Veräin Ancien Cinéma a.s.b.l.[1] gegrënnt, deen déi kulturell Aktivitéiten am ale Kino programméiert. An ale Kino lafe virun allem al Filmer (Buster Keaton, Charlie Chaplin, Fritz Lang, Sergej Eisenstein, asw.). Regelméisseg gi speziell Seancë fir Kanner organiséiert. Donieft gi Liesungen a Concerte gehalen. Iwwer d'ganzt Joer gi Konscht- a Fotosausstellungen organiséiert. Zanter dem Hierscht 2010 ass den Ancien Cinéma och Partner an der Organisatioun vu cinÉast, dem Festival vum Film aus Zentral- an Osteuropa.[2]

Am viischte Beräich ass en Jazz-Café. A Bicherregaler fënnt ee Referenzwierker zum Kino an zum Jazz, an deene bei enger Taass Kaffi ka gebliedert ginn.

De Kino ass ze fannen am Zentrum vu Veianen op der Haaptstrooss Nr. 23, direkt ënner der Post.

  • De Sall huet 50 Plazen;
  • de Projektiounsapparat ass e Beamer;
  • Toun: digital;
  • den Ecran ass 4,5 Meter breet a 2,5 Meter héich;
  • op enger grousser Bün kënne Liesungen, Cabaret a Concerte gehale ginn;
  • d'Miwwele sinn aus den 50er a 60er Joren.
De Logo vum Ancien Cinéma zu Veianen

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dissi, Béatrice, 2012. Coffe, photos, jazz, art and movies. D'Lëtzebuerger Land vum 13. januar 2012, Rubrik Stil, S. 20. (fr)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: Registre de commerce et des sociétés, https://www.lbr.lu, Matricule F7615.
  2. Cf. http://www.cineast.lu