Diskussioun:Ancien Cinéma

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Et kënnt ee mam Rollstull an de Sall;": Wann ech mer d'Foto ukucken, da froen ech mech wéi dat méiglechsoll sinn. Ech gesinn zwéin Träppleken, déi vum Trottoir an de Bistro féieren. Gëtt et nach e Geheimwee? --Cornischong 23:09, 25. Mäe 2008 (UTC)

Wann ech mer den Artikel, an dann nach de Spaweck ukucken, hunn ech d'Gefill wéi wann dat déi gréisste Publicitéitssäit ass, déi et op der Lëtzebuergescher Wikipedia gëtt. Spezial:Kontributiounen/81.243.169.61 00:24, 26. Mäe 2008 (UTC)

Feig Säck[Quelltext änneren]

Ofgesinn dovun, datt dat mer schonns esou virkoum, wéi et mat dësem "Artikel" ugoung, fannen ech, datt praktesch all Kéier, wann een hei eng Meenung vu sech gëtt, eng IP opdaucht. Déi "mat engem Numm" halen, genee wéi an dësem Fall, hire Bak. Bal alles feig Säck? freet sech de --Cornischong 08:33, 26. Mäe 2008 (UTC)

Dat do ass flott! Elo ass all lb-Wikipedia-Benotzer mat Numm, deen hei näischt geschriwwen huet, e "feige Sack". Ech huelen un dat déi meescht "Feig Säck" net wëssen op et nach eng aner Dir fir Leit mat engem Rollstull gëtt oder net an duerfir kee Kommentar ofginn hunn. D'IP huet iwregens och net op d'Fro geäntwert. De "feige Sack" --Fliedermaus 09:09, 26. Mäe 2008 (UTC)
Nenn, neen, neen, esou steet dat net do!!! Dat met den IPen ass wuel eng Kränkt, déi hei richteg "agerass" ass. An dësem Fall mengen ech ganz kloer den 81.243. ... , mee a leschter Zäit ginn et deeër "opfalend vill"! Ass et just mär opgefall, datt et dacks virkënnt, wann eng kloer Meenung geschriwwe gëtt, dann daucht eng IP op, déi virdrunn nach NI hei war an duerno NI méi opgedaucht ass. Wat Zoufäll. Iwwregens ass deen, deen hanner allem Publizitéit geroch huet, op der Keelebunn. --Cornischong 09:24, 26. Mäe 2008 (UTC)

Rollstull a Publicitéit[Quelltext änneren]

Ech wäert mer déi Saach mam Rollstull ukucke goen. Wat Publizitéit ubelaangt sinn ech der selwechter Meenung, a muss dozou bemierken, datt bis elo nach all Spaweck deen nëmmen eng Grimmel no Publizitéit geroch huet, a soss awer nach vill aner Informatiounen hat, geläscht gouf. Firwat net hei? Les Meloures 09:02, 26. Mäe 2008 (UTC)

Ech sëtzen déi Rollstullssaach emol an "onsichtbar", bis een eng Erklärung (w.e.gl. ouni Vernennwierder!) dofir huet. Vläit gëtt et jo eng Ramp oder en Hanneragank. Wat déi "Publizitéits"-Saach ugeet: Natierlech kann een en Artikel iwwert e Kino, deen et gëtt, als eng Zort Reklamm fir dee Kino ugesinn (Wéi Artiekelen iwwer all méiglech Entreprisen och). Wichteg ass, dass et sachlech Informatioune sinn, déi d'Saach beschreiwen. Am heite Fall fannen ech näischt, wat iwwerméisseg no "Schleichwerbung" kléngt. E bësse méi zu der Geschicht vun deem Kino ass natierlech gär gesinn. --Zinneke 09:22, 26. Mäe 2008 (UTC)
Kann een dann net all Artikel iwwert en aktuelle kommerzielle Kino als Publicitéit ugesinn? Ech gesinn allerdéngs net direkt e Problem mat dem Artikel "Ancien Cinéma", virausgesat dat d'Informatiounen am Text richteg sinn. Oder solle mir nëmmen en Artikel iwwer d' Cinémathèque de la Ville de Luxembourg schreiwen an déi aner all läschen ???--Fliedermaus 09:24, 26. Mäe 2008 (UTC)

Dat met de Säck: Verwiessel mer keen "déi Saach" mat dem Kinos-Artikel!!! Den IP-Syndrom ass eng Kränkt, mat där mer eis nach ausen"aner" ze setzen hunn. Awer op anere Plazen. An nach eng Kéier: Dat mat de "feige Säck" huet, wéi jiddereen, dee liese kann, verstoe misst, näischt mat dësem Artikel ze dinn!! Dat huet sech op d'Reaktioun vun enger IP op dëser SWäit bezunn an op déi sëllegen anerer, déi "opdauchen". Also: W.e.g. net einfach esou verdréinen. An elo gëtt et sou lues Zäit,datt den Auteur emol äntwert, mengt de --Cornischong 09:33, 26. Mäe 2008 (UTC)

Wa sech der schonns esou vill op ee Stéchwuert hei gemellt hunn, da schreiwen ech léiwer heihin, datt den A.C. Clarke-Artikel nach net déi Opmierksamkeet krut, déi e verdéngt. "Onsichtbar" maachen? Kapp an de Sand? Läschen? Op eng Fro, déi am Stamminet gestallt gouf, äntweren? Alles Froen, déi am Beleidegtspillen ënnergaange sinn. An da wieren do nach e puer Leit, déi gär ëmgedeeft wëlle ginn, awer soss näischt £&$*+ . A wann dat alles an der Rei ass, da kënne mer mol endlech mat de seriéise Saache weiderschreiwen. --Cornischong 09:57, 26. Mäe 2008 (UTC)

De Saz Déi "mat engem Numm" halen, genee wéi an dësem Fall, hire Bak. Bal alles feig Säck? hat ech wuel falsch verstan. --Fliedermaus 11:04, 26. Mäe 2008 (UTC)

Kommentar vum Auteur[Quelltext änneren]

Ech mengen hei bräichten e puer leit emol eng Paus, sie schéngen sëch na well ze vill emotionnell mat dem Wiki ze verwéckelen...

Ech hun deen Artikel geschriwwen a mat mengen richtige Numm ënnerschriwwen. Dat ass bei Leit wéi Cornischong nët de Fall (dem säin Toun mir iwrigens nët gefällt). Wou ass do de ganzen Numm? Ass e Pseudonym nët datselwescht wéi eng IP ?

Also zum Artikel iwer den ale Kino, dem 'Ancien Cinéma': ech hun deen Artikel ganz eleng 'verbrach' an hun mech beméit, fir keng Schläichwerbung ze maachen. Ech hun selwer erliewt, dass Leit mat engem Rollstullfahrer ouni Problem erakoumen an immens frou waren, dass esou eng Plaatz sou liicht accessibel wier. OK, e Rollstullfahrer kënnt eleng wuel nët ran. Mais wann en un der Dir klappt, krit en awer direkt gehollef. An dobannen ass alles bis op d'Toilette erreechbar. D'Besëtzer iwerleen fir eng Bëhënneten-Toilette um selweschte Niveau beizebauen.

Dir kënnt also dat mat dem Rollstullfahrer ouni weideres virun verstoppen. Allerdéngs wier ech nët gären an deem Fall, well do wou een nach irgendwéi rakënnt gëtt verstoppt, während déi meeschte Neibauten iwerhaapt nët behënnertengerecht sin...

Iwrigens, ech hun de mojen zesummen mat zwee Kënschtlerinnen eng nei Säit opgemaach ënnert dem Numm 'Atelier PoGo'. Déi zwou Kënschtlerinnen waren begeeschtert wéi ech hinnen de Wiki gewisen hun an wollten hir Säit, awer evtl. och aner Contenuen baïdroen. Déi Säit war no 2 Stonnen nët méi do wéi ech eng Foto wollt eroplueden (fällt dat ënnert dem Titel 'Vandalismus vu bannen' ?).

Ech mengen, et misst sech den Ëmgang tëschend den Wikipedianer besseren, dorun misst geschafft gin. An fuerchbar gestressten Admin-Leit missten einfach mol Vakanz maachen oder sëch am Atelier PoGo enger Konschttherapie ënnerzéien ;-)

Mat beschte Gréiss vum Christian Ries 13:39, 26. Mäe 2008 (UTC)