Wendel Marzen
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wendel Marzen | |
---|---|
Gebuer | 22. November 1847 |
Gestuerwen | 16. September 1947 |
Aktivitéit | Filmregisseur |
De Wendel Marzen, gebuer den 22. November 1847 zu Tréier, a gestuerwen ëm de 16. September 1947[1], war e Filmregisseur a Kinobedreiwer.
Hien hat 1902,1903 an 1906 mat sengem "Edison Kinematograph" am Sall Baumann (Münchener Kindl) zu Saargemünd Filmer gewisen.
Den 12. November 1911 huet hien de Cinéma Parisiana am Schoulbierg (haut: Clairefontaine-Plaz) an der Stad Lëtzebuerg opgemaach.
De Wendel Marzen war de Papp vun de Bridder Hubert a Peter Marzen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier (zesumme mam Peter Marzen), 1907
- Pfingstfeierlichkeiten in Echternach, 1906
- Kavalkade in Luxemburg, 1905
- Korbweidenkultur in Kopstal, 1904
- Kirchgang der Magistratur von Luxemburg zur Feier des Te Deum am Gebuertstagsfeste des Großherzogs, 1902/1903
- Parade zum Geburtstage des Prinzregenten Luitpold in Saarguemünd.1906
- Fabrikausgang in Saarguemünd.1906
- Ausgang aus der Synagogue von Saarguemünd.1906
- Springprozession in Echternach 1902,
- Springprozession in Saarguemünd.1903
- Mittagstunde an der Kreutzstrasse in Saarguemünd.1903
- Die Feuerwehr-Kapelle am Ostersonntag in Saarguemünd.1903
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Brigitte Braun, Uli Jung: "Local Films from Trier, Luxembourg and Metz: A Successful Business Venture of the Marzen Family, Cinema Owners." In: Film History Vol. 17, No. 1, Local Film (2005), S. 19-28.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 286