Panzerkräizer Potemkin

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
Panzerkräizer Potemkin
Film
Produktiounsland UdSSR
Produktiounsjoer 1925
Première 21. Dezember 1925
Dauer 74 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,33:1
Originalsprooch Stommfilm (russesch Zwëschentitelen)
Ekipp
Regie Sergei Eisenschtein, assistéiert vum Grigori Alexandrow
Dréibuch Nina Agadjanowa
Sergei Eisenschtein
russesch Zwëschentitelen:
Sergei Tretjakow
Nikolai Assejew
Fotografie Eduard Tisse
Wladimir Popow
Musek Wladimir Cheifez
Nikolai Krjukow
Edmund Meisel
Schnëtt Sergei Michailowitsch Eisenstein,
Grigori Wassiljewitsch Alexandrow
Produzent Jakow Blioch
Produktiouns-
gesellschaft
Mosfilm,
Goskino
Schauspiller
Alexander Antonow als Grigori Vakulintschuk
Wladimir Barski als Kommandant Golikow
Grigori Alexandrow als Offizéier Giljarowski
Michail Gomorow als Matrous Matuschenko
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre
Bronenossez Potjomkin
Villzitéiert Zeen: Eng Kannerkutsch mat Bëbee rullt eleng déi sougenannt Potemkinesch Trap erof

Bronenossez Potjomkin (cyrl: Броненосец Потёмкин, ltz. "Panzerkräizer Potemkin") ass e Stommfilm vum Regisseur Sergei Eisenschtein aus dem Joer 1925.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Handlung ass fiktiv, mä baséiert op engem Evenement aus dem Joer 1905, an zwar op der Revolt vun der Equipage géint déi "zaristesch" Offizéier, um russesche Krichsschëff, Knjas Potjomkin Tawritscheski, genannt nom Fürst Grigori Potjomkin,

Den Eisenstein huet an deem Film, deen am Stil vun der kommunistescher Propaganda gehalen ass, seng Theorië vun der Filmmontage getest, mat deenen hien eng méiglechst staark emotional Reaktioun beim Publikum ervirruffe wollt. Säin Experiment war e grousse Succès, souwuel beim Publikum wéi och bei de Filmtheoretiker, déi seng zum Deel nei Iddien approuvéiert hunn.

Déi bekanntst Zeen aus dem Film ass déi vum Massaker op der Trap fir erof an den Hafe vun Odessa: "Zaristesch" Zaldote marschéiere am Takt wéi Maschinnen eng Trap erof déi keen Enn ze hu schéngt, woubäi se onbarmhäerzeg an d'Leit schéissen, déi zesummekomm ware fir de revolutionäre Matrouse vum Panzerschëff Potjomkin hir Sympathie auszedrécken. Nodeem se och eng Mamm erschoss hunn, rullt där hir Kannerkutsch déi freeschlech laang Trap erof. Déi Trapenzeen fënnt een zanterhier an anere Filmer erëm, ënner anerem am Francis Ford Coppola sengem The Godfather, dem Brian De Palma senger Versioun vun The Untouchables an dem Woody Allen sengem Kaméidisfilm Bananas.

Filmkritik an der Press[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf an den 1950er Jore vum brittesche Kinosmagazin Sight and Sound, als "Beschte Film vun allen Zäiten" gelueft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bronenossez Potjomkin – Biller, Videoen oder Audiodateien