Grigori Alexandrowitsch Potjomkin
Ausgesinn
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Grigori Alexandrowitsch Potjomkin | |
|---|---|
|
Portrait vun 1847 (no sengem Doud) | |
| Gebuer |
13. September 1739 jul. Tschijewo |
| Gestuerwen | 5. Oktober 1791 jul. |
| Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
| Aktivitéit | Linguist, Militär, Politiker |
| Gielercher | Chevalier vum Uerde vum Hl. Alexander Nevsky, Uerde vum wäissen Aadler, Uerde vum schwaarzen Aadler |
| Famill | |
| Bestuet mat | Katharina II. |
| Liewenspartner(in) | Katharina II. |
| Papp | Alexander Potjomkin |
|
| |
De Grigori Alexandrowitsch Potjomkin [pɐˈtʲɵ.mkʲɪn], Fürst vun Taurien, op Russesch Григорий Александрович Потёмкин, wëss. Transliteratioun Grigorij Aleksandrovič Potëmkin, gebuer den 13. Septemberjul./ 24. September 1739greg. zu Tschijewo bei Smolensk, a gestuerwen de 5. Oktoberjul./ 16. Oktober 1791greg. bei Jassy, begruewen an der Kathedral vun der helleger Kathrine zu Cherson, war e russesche Feldmarschall, Staatsmann a Vertrauenspersoun vun der russescher Zarin Katharina déi Grouss.
An Erënnerung bliwwen ass e virun allem wéinst sengen Efforte fir d'Besiidlung vun der südukrainescher Stepp (Grënnung vu Stied wéi Cherson, Mykolajiw, Sewastopol an Dnepropetrowsk) a wéinst dem Opbau vun der Schwaarzmierflott op der Krim.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Saint-Jean (Sekretär vum Fürst): Lebensbeschreibung des Gregor Alexandrowitsch Potemkin des Tauriers (publ. vu Rothermel, Karlsr. 1888).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Grigory Potemkin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
