Op den Inhalt sprangen

Woody Allen

Vu Wikipedia
Woody Allen
Gebuertsnumm Allan Stewart Konigsberg
Gebuer 30. November 1935
Bronx
Nationalitéit USA
Educatioun Tisch School of the Arts,
New York University
Aktivitéit Filmregisseur, Komiker, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Klarinettist, Dramatiker, Sänger, Charakterschauspiller, Journalist, Schrëftsteller, Komponist, Regisseur, Schauspiller, Auteur, Filmkomponist, Filmdréibuchauteur
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Académie des beaux-arts
Gielercher Writers Guild of America Award, Premio Donostia del Festival de San Sebastián, Directors Guild of America Award, Oscar fir de beschte Regisseur, Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Commandeur des Arts et des Lettres‎, BAFTA fir de beschte Film, Sëlwere Bier, Fiprescipräis, Bodil-Präis, Bodil-Präis, Bodil-Präis, Bodil-Präis, Bodil-Präis, César du cinéma, César du cinéma
Famill
Bestuet mat Louise Lasser
Liewenspartner(in) Diane Keaton, Mia Farrow
Kanner Ronan Farrow, Moses Farrow

Den Heywood "Woody" Allen, gebuer den 1. Dezember 1935 als Allan Stewart Konigsberg, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur, Komiker, Museker an Dréibuchauteur, deen zanter iwwer 60 Joer aktiv ass.

Hien huet an den 1950er als Auteur vu Sketcher fir d'Televisioun ugefaangen, an eng Rëtsch humoristesch Bicher mat Kuerzgeschichten, Theaterstécker a Parodië geschriwwen. An de fréien 1960er Joren huet den Allen ugefaangen, als Stand-up-Comedian ze schaffen, an huet dunn dee Personnage entwéckelt, deen een och dacks a senge Filmer erëmfënnt: en onsécheren, intellektuellen Tipp, dee probéiert sech mat Wuertwitz duerch d'Liewen ze schloen (an dee wéineg mat senger richteger Personalitéit ze dinn huet).

An der Mëtt vun den 1960er Joren huet hien ugefaangen, Filmer ze dréinen. Bis haut sinn et der bal 50. Am Ufank waren dat Filmer fir ze laachen, mat vill Slapstick-Elementer dran, vun den 1970er u si seng Filmer méi eescht ginn, a sinn dacks vum Europäesche Kino (Bergman, Fellini,...) beaflosst. An deene meeschte vu senge Filmer huet hie selwer d'Dréibuch geschriwwen, a selwer an enger vun den Haaptrolle matgespillt. E Sujet, deen an deene méi eeschte Filmer dacks erëmkënnt, si Froen dono, wat fir en Afloss den Zoufall oder d'Schicksal op engem säi Liewe kann hunn.

Zu senge bekanntste Filmer zielen Annie Hall (1977), Manhattan (1979), Hannah and Her Sisters (1986), Match Point (2007), Midnight in Paris (2011) a Blue Jasmin (2012). Do dernieft spillt hien och vereenzelt a Filmer vun anere Regisseure mat.

De Woody Allen war 24-mol (Stand 2014) fir en Oscar nominéiert an huet e véiermol gewonnen dovun dräimol fir dat bescht Dréibuch an eng Kéier fir déi bescht Regie (Annie Hall). Den Allen spillt och Klarinett an trëtt reegelméisseg zu Manhattan mat enger klenger Jazzband op.

als Regisseur

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1969 bis 1979

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999

[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2009

[änneren | Quelltext änneren]

vun 2010 bis 2020

[änneren | Quelltext änneren]
2015: Irrational Man - Haaptacteuren:

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1978: Oscar - Bescht Regie fir Annie Hall
  • 1978: Oscar - Bescht Originaldréibuch fir Annie Hall
  • 1987: Oscar - Bescht Originaldréibuch fir Hannah and her Sistsers
  • 2012: Oscar - Bescht Originaldréibuch fir Midnight in Paris
Commons: Woody Allen – Biller, Videoen oder Audiodateien