Op den Inhalt sprangen

Meryl Streep

Vu Wikipedia
Meryl Streep
Gebuertsnumm Mary Louise Streep
Gebuer 22. Juni 1949
Summit
Nationalitéit USA
Educatioun Vassar College,
Yale Universitéit,
Yale School of Drama
Aktivitéit Filmschauspillerin, Theaterschauspillerin, Tëleesschauspillerin, Synchronspriecherin, Schauspillerin, Filmproduzentin, Televisiounsproduzentin
Partei Democratic Party
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Gielercher Oscar fir déi bescht Schauspillerin, Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll, National Medal of Arts, Premio Donostia del Festival de San Sebastián, Oscar fir déi bescht Schauspillerin, Theatre World Award, Cecil B. DeMille Award, Presidential Medal of Freedom, Kennedy-Präis, Commandeur des Arts et des Lettres‎, Screen Actors Guild Awards, Éierencésar, Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes, Sëlwere Bier fir déi bescht Schauspillerin, Crystal Award, Stär um Hollywood Walk of Fame
Famill
Bestuet mat Don Gummer
Liewenspartner(in) John Cazale, Martin Short
Mamm Mary Wilkinson Streep
Kanner Mamie Gummer, Henry Wolfe Gummer, Grace Gummer, Louisa Gummer
D'Meryl Streep (2014).

D'Mary Louise "Meryl" Streep, gebuer den 22. Juni 1949 zu Summit, New Jersey, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin. No éischten Engagementer am Theater hat si an den 1970er Joren hiren internationalen Duerchbroch mat der Televisiounsserie Holocaust an de Kinosproduktiounen Manhattan, The Deer Hunters a Kramer vs. Kramer.

Zanterhier ass si eng vun de gefrootsten an deene Schauspillerinne mam gréisste kënschtleresche Succès. Si huet bis ewell (2014) dräimol een Oscar gewonnen an hält de Rekord mat net manner wéi 18 Nominéierunge fir dee Präis. Zu hire gréisste kommerziellen Erfolleger zielen Out of Africa (1985), Death becomey her (1992), The Bridges of Madison County (1995), The Devil Wears Prada (2006), Mamma Mia! (2008), Julie & Julia (2009) an It's Complicated (2009).[1]

Si ass zanter 1978 mam Sculpteur Don Gummer bestuet an huet véier Kanner.

Hire Stär um Hollywood Walk of Fame

Kinofilmer

  • Adolf Heinzlmeier, Petra Gallmeister (Textbearb.): Meryl Streep. V.I.P.: Cinema. Zsolnay, Wien 1994, ISBN 9783552051096
Commons: Meryl Streep – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Box Office Mojo Meryl Streep