Anthony Quayle
Ausgesinn
Anthony Quayle | |
---|---|
Gebuertsnumm | John Anthony Quayle |
Gebuer |
7. September 1913 Metropolitan Borough of Sefton |
Gestuerwen |
20. Oktober 1989 London |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Rugby School, Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Filmregisseur, Theaterregisseur, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Dorothy Hyson, Hermione Hannen |
Den Anthony Quayle, gebuer als John Anthony Quayle de 7. September 1913 zu Ainsdale, Southport, Lancashire a gestuerwen den 20. Oktober 1989 zu London, war en englesche Schauspiller.
Den Anthony Quayle huet an iwwer 80 Kinos an TV-Filmer matgespillt. Hie war a Filmer vu sou bedeitende Filmregisseure wéi Alfred Hitchcock (The Wrong Man, 1956), J. Lee Thompson (The Guns of Navarone, 1961), David Lean (Lawrence of Arabia,1962), Anthony Mann (The Fall of the Roman Empire, 1964) a Laurence Olivier (Hamlet, 1948) ze gesinn.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1948: Hamlet, vum Laurence Olivier mam Laurence Olivier an Jean Simmons
- 1948: Saraband for Dead Lovers, vum Basil Dearden mam Stewart Granger an Joan Greenwood
- 1956: Oh... Rosalinda!!, vum Michael Powell an Emeric Pressburger mam Anton Walbrook a Ludmilla Tchérina
- 1956: The Wrong Man, vum Alfred Hitchcock mam Henry Fonda a Vera Miles
- 1956: The Battle of the River Plate, vum Michael Powell an Emeric Pressburger mam Ian Hunter a Bernard Lee
- 1957: Woman in Dressing Gown, vum J. Lee Thompson mam Yvonne Mitchell a Sylvia Syms
- 1957: No Time for Tears, vum Cyril Frankel mam Anna Neagle a Sylvia Syms
- 1958: The Man Who Wouldn't Talk, vum Herbert Wilcox mam Anna Neagle an Zsa Zsa Gabor
- 1958: Ice Cold in Alex, vum J. Lee Thompson mam John Mills a Sylvia Syms
- 1959: Serious Charge, vum Terence Young mam Sarah Churchill a Percy Herbert
- 1959: Tarzan's Greatest Adventure, vum John Guillermin mam Gordon Scott a Sean Connery
- 1960: The Challenge, vum John Gilling mam Jayne Mansfield a Carl Möhner
- 1961: The Guns of Navarone, vum J. Lee Thompson mam Gregory Peck, David Niven, Anthony Quinn a Stanley Baker
- 1962: H.M.S. Defiant, vum Lewis Gilbert mam Alec Guinness an Dirk Bogarde
- 1962: Lawrence of Arabia, vum David Lean mam Peter O'Toole, Alec Guinness, Anthony Quinn an Jack Hawkins
- 1964: East of Sudan, vum Nathan Juran mam Sylvia Syms an Jenny Agutter
- 1964: The Fall of the Roman Empire, vum Anthony Mann mam Sophia Loren, Alec Guinness, Stephen Boyd a Christopher Plummer
- 1965: Operation Crossbow, vum Michael Anderson mam Sophia Loren an George Peppard
- 1965: A Study in Terror, vum James Hill mam John Neville an Donald Houston
- 1966: Poppies Are Also Flowers, vum Terence Young mam Senta Berger, Yul Brynner, Angie Dickinson a Marcello Mastroianni
- 1966: Incompreso, vum Luigi Comencini mam Giorgia Moll
- 1969: Mackenna's Gold, vum J. Lee Thompson mam Gregory Peck an Omar Sharif
- 1969: Before Winter Come, vum J. Lee Thompson mam David Niven an Anna Karina
- 1969: Anne of the Thousand Days, vum Charles Jarrott mam Richard Burton a Geneviève Bujold
- 1972: Everything You Always Wanted to Know About Sex * But Were Afraid to Ask, vum Woody Allen mam Burt Reynolds an Tony Randall
- 1972: Bequest to the Nation, vum James Cellan Jones mam Glenda Jackson a Peter Finch
- 1974: The Tamarind Seed, vum Blake Edwards mam Julie Andrews an Omar Sharif
- 1976: The Eagle Has Landed, vum John Sturges mam Michael Caine an Donald Sutherland
- 1977: Holocaust 2000, vum Alberto De Martino mam Kirk Douglas an Agostina Belli
- 1979: Murder by Decree, vum Bob Clark mam Christopher Plummer an James Mason
- 1988: La leggenda del santo bevitore, vum Ermanno Olmi mam Rutger Hauer an Dominique Pinon
- 1988: Buster, vum David Green mam Phil Collins
- 1989: Magdalene , vum Monica Teuber mam Nastassja Kinski an David Warner
- 1989: King of the Wind, vum Peter Duffell mam Richard Harris a Glenda Jackson