Jayne Mansfield

Vu Wikipedia
Jayne Mansfield
am Trailer vun "Too Hot to Handle" (1960)
Gebuer 19. Abrëll 1933
Bryn Mawr
Gestuerwen 29. Juni 1967
Slidell
Doudesursaach Eisebunnsaccident
Nationalitéit USA
Educatioun University of Texas,
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
Aktivitéit Filmschauspiller, Playmate, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Sänger
Famill
Bestuet mat Mickey Hargitay, Matt Cimber
Kanner Mariska Hargitay, Jayne Marie Mansfield
D'Mansfield an engem Helikopter virun engem Fluch op Rotterdam (1957)

D'Jayne Mansfield, gebuer als Vera Jayne Palmer den 19. Abrëll 1933 zu Bryn Mawr, a Pennsylvania, a gestuerwen den 29. Juni 1967 um U.S. Highway 90 bei Slidell, war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin an e Sexsymbol aus den 1950er Joren.

Ier si Schauspillerin gouf, huet si op verschiddenen Universitéite studéiert an niewelaanscht als Model, notamment fir de Playboy geschafft. Si soll en IQ vun 163 gehat hunn a soll fënnef Sprooche konnt hunn.

D'Jane Mansfield huet konsequent mat hirem Sexappeal geschafft a sech en Image als Diva opgebaut. Si huet hir ëffentlech Optrëtter inszenéiert, bei deenen hir Garderobe, an dat wat se gewisen huet oder sou just net, ëmmer nees fir Artikelen an der Presss gutt waren.

Filmer, mat deene se bekannt gouf, waren ë. a. The Girl Can't Help It (1956) Will Success Spoil Rock Hunter? (1957) a The Sheriff of Fractured Jaw (1958).

No enger Rëtsch vu Floppe goung si ufanks vun den 1960er Joren an Europa, wou si ë. a. nieft dem Freddy Quinn am Film Heimweh nach St. Pauli (1963) opgetratt ass, a wou s'eng Tournée duerch brittesch Nightclubs gemaach huet. Si war ëmmer méi an hirem selwerfabrizéierte Cliché gefaangen, wat mam Alter net méi einfach gouf.

D'Jayne Mansfield ass, zesumme mat hirem Freier, bei engem Autosaccident am Louisiana gestuerwen. Si war dräimol bestuet, ë. a. mam Schauspiller a Mr. Universum Mickey Hargitay, an hat am Ganze 5 Kanner.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jayne Mansfield – Biller, Videoen oder Audiodateien