Janet Leigh

Vu Wikipedia
Janet Leigh
Gebuertsnumm Jeanette Helen Morrison
Gebuer 6. Juli 1927
Gestuerwen 3. Oktober 2004
Beverly Hills
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun University of the Pacific
Aktivitéit Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Sänger, Schrëftsteller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Tony Curtis
Kanner Kelly Curtis, Jamie Lee Curtis
D'Janet Leigh a Little Women (1949).

D'Janet Leigh, gebuer de 6. Juli 1927 als Jeanette Helen Morrison zu Merced a Kalifornien, a gestuerwen den 3. Oktober 2004 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si huet an 63 Kino- an Tëleesfilmer matgespillt.

D'Janet war eenzegt Kand vun engem Assurancenagent an Immobilienhändler. Si war véiermol bestuet: 1942 mam John Carlyle (annuléiert), mam Stanley Reames (1946-1948), 1951 mam Tony Curtis, vun deem se 1962 gescheet gouf; dann 1962 mam Robert Brandt bis zu hirem Doud. Si ass d'Mamm vun der Jamie Lee Curtis an der Kelly Curtis, zwou Filmschauspillerinnen.

Hir bekanntst Roll huet nëmme 45 Minutte gedauert, do war se schonn an der Dusch erstach: Dat war am Alfred Hitchcock sengem Psycho vun 1960. Si gouf nominéiert fir en Oscar a krut e Golden Globe. Duerno koum 1962 The Manchurian Candidate vum John Frankenheimer, e Film, deen nom Mord um President John Fitzgerald Kennedy direkt aus dem Verkéier gezu gouf, well d'Theema "Gehierwäsch" un US-amerikaneschen Zaldoten am Koreakrich, vill ze kriddeleg war.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Janet Leigh – Biller, Videoen oder Audiodateien