John Wayne

Vu Wikipedia
John Wayne
Gebuertsnumm Marion Robert Morrison
Gebuer 26. Mee 1907
Gestuerwen 11. Juni 1979
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Südkalifornien
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, American-Football-Spiller, Televisiounsschauspiller
Partei Republikanesch Partei
Famill
Liewenspartner(in) Marlene Dietrich
Kanner Patrick Wayne
Den John Wayne.

Den John Wayne, gebuer de 26. Mee 1907 zu Winterset, am Iowa, a gestuerwen den 11. Juni 1979 zu Los Angeles, mam richtegen Numm Marion Robert Morrison, méi spéit Marion Mitchell Morrison, war ei US-amerikanesche Filmschauspiller, Filmproduzent a Filmregisseur. Hie war net nëmmen ee vun de markantsten Hollywoodschauspiller vu senger Zäit, ma och ee vun deene mat dem meeschte Succès beim Publikum an ee vun deenen déi am meeschte verdéngt hunn.

Seng Carrière huet sech iwwer méi wéi en halleft Joerhonnert gezunn, an ass virun allem duerch seng Rollen a Westernfilmer bekannt, wou en dacks e Sheriff, e Marshal oder en US-Kavalleriekommandant gespillt huet, an doduerch deem Filmgenre entscheedend säi Stempel opgedréckt huet.

Archetypesch fir dee Genre kënne seng Rollen a Stagecoach (1939), Red River (1948), The Searchers (1956) oder Rio Bravo (1959) ugesi ginn. Hien huet awer och dacks a Krichs- oder Abenteuerfilmer matgespillt.

1970 krut en den Oscar fir de beschte Schauspiller fir seng Roll an True Grit.

Hien huet och privat déi konservativ an traditionell Wäerter aus der Pionéierzäit vun den USA vertrueden, déi en a ville vu senge Filmer personifizéiert huet. Besonnesch an der Zäit vum Vietnamkrich huet e mat sengem Asaz dofir (hien huet extra de Propagandafilm The Green Berets gedréint) polariséiert.

Den John Wayne war dräimol bestuet: vun 1933 bis 1945 mat der Josephine Alcia Saenz (véier Kanner), vun 1946 bis 1954 mat der Esperanza Baur (keng Kanner) a vun 1954 bis zu sengem Doud mam Pilar (dräi Kanner).

Den Orange County Airport zu Santa Ana gouf zu sengen Éieren an John Wayne Airport (IATA-Code: SNA, ICAO-Code: KSNA) ëmgenannt.

Filmographie (Kino)[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Stommfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Tounfilmer[änneren | Quelltext änneren]

vun 1928 bis 1929[änneren | Quelltext änneren]

vun 1930 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1976[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1960: The Alamo - Haaptacteuren: Richard Widmark, Laurence Harvey
  • 1968: The Green Berets - Regie zesumme mam Ray Kellogg, - Haaptacteuren: David Janssen, Aldo Ray

Auszechnungen[änneren | Quelltext änneren]

1970: Oscar als beschte Schauspiller fir seng Roll am Film True Grit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas Baur, Konrad Bitterli (Hrsg.): Brave Lonesome Cowboy. Der Mythos des Westerns in der Gegenwartskunst oder: John Wayne zum 100. Geburtstag. Verlag für Moderne Kunst Nürnberg, Nürnberg 2007.
  • George Carpozi: The John Wayne Story. (de: John Wayne. Seine Filme - sein Leben. Heyne, München 1988, ISBN 3-453-86071-3).
  • Jörn Glasenapp: Vom Kalten Krieg im Western zum Vietnamkrieg: John Wayne und der Alamo-Mythos. In: Heinz-B. Heller, Burkhard Röwekamp, Matthias Steinle (Hrsg.): All Quiet on the Genre Front? Zur Praxis und Theorie des Kriegsfilms. Schüren Verlag, Marburg 2007, S. 75-92.
  • Mark Ricci, Boris Zmijewsky, Steve Zmijewsky: ""The Films of John Wayne"". (de: John Wayne und seine Filme. Citadel Filmbücher bei Goldmann, München 1979, ISBN 3-442-10202-2.
  • Peter Osteried: Das große John Wayne Buch. MPW, Hille 2010, ISBN 978-3-931608-99-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Wayne – Biller, Videoen oder Audiodateien