Jules Dassin

Vu Wikipedia
Jules Dassin
Den Joe Dassin an, op riets, de Jules Dassin (1970)
Gebuertsnumm Julius Dassin
Gebuer 18. Dezember 1911
Middletown
Gestuerwen 31. Mäerz 2008
Athen
Doudesursaach Gripp
Nationalitéit USA, Frankräich, Griicheland
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Theaterregisseur, Regisseur
Famill
Bestuet mat Melina Mercouri
Kanner Joe Dassin, Julie Dassin

De Jules Dassin, gebuer als Julius Dassin, den 18. Dezember 1911 zu Middletown am Connecticut (USA), a gestuerwen den 31. Mäerz 2008 zu Athen (Griicheland) am Alter vu 96 Joer, war en US-amerikanesche Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Jules Dassin war eent vun den aacht Kanner vun engem aus Russland ausgewanderte Coiffer, dem Samuel Dassin a senger Fra der Berthe Vogel.

Seng Kandheet huet hien, nodeem seng Famill Middletown verlooss hat, zu Harlem (New York) verbruecht. Do ass hien op d'Morris High School gaangen.

Am Ufank vun den 1930 Joren ass hie Member vun der amerikanescher kommunistescher Partei ginn. Am Joer 1939 ass en erëm aus der Partei ausgetratt. Duerch seng Memberschaft an der kommunistescher Partei war hien nom Zweete Weltkrich en Affer vum McCarthyismus an ass op d'Schwaarz Lëscht vun Hollywood gesat ginn. Duerno ass hien an Europa an den Exil gaangen.

1933 huet de Jules Dassin sech mat der ungarescher Violonistin Béatrice Launer bestuet. Zesummen hate si dräi Kanner, e Jong de Sänger Joe Dassin an zwee Meedercher d'Richelle an d'Julie, dat och an e puer Filmer als Schauspillerin ze gesi war.

Um Festival vu Cannes huet de Jules Dassin 1954 d'Melina Mercouri begéint, an en huet e puer Filmer mat hir gedréint. En huet sech 1962 vu senger éischter Fra scheede gelooss. 1966 huet hie sech du mat der Melina Mercouri bestuet. Aus politesche Grënn hu si Griicheland musse verloossen. Spéider no der Militärdiktatur, si si erëm zëck a Griicheland gaangen, wou d'Melina Mercouri, da spéider Kulturminister gouf.

Filmcarrière[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1941 bis 1949 huet de Jules Dassin zu Hollywood Filmer wéi Brute Force, The Naked City a Thieves Highway fir d'Filmstudioe Metro-Goldwyn-Mayer, Universal an 20th Century Fox gedréint. Duerno huet de McCarthyismus seng amerikenesch Filmcarrière zerstéiert.

Am Joer 1954 krut hien eng zweet Chance a Frankräich mam Film Du rififi chez les hommes. Zu Cannes um Filmfestival krut hien 1955 mat dësem Film de Präis fir déi bescht Regie.

Mat de Filmer Pote tin kyriaki (Jamais le dimanche) (1960) an Topkapi (1964) hat hie seng gréisst Succèsen.

1968 mat Up Tight huet de Jules Dassin fir d'éischt erëm e Film a sengem Heemechtsland gedréint

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

  • 1955: Du rififi chez les hommes
  • 1960: Pote tin Kyriaki (Never on Sunday)
  • 1962: Phaedra
  • 1964: Topkapi
  • 1970: Promise at Dawn
  • 1974: The Rehearsal

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]