Op den Inhalt sprangen

Mary Astor

Vu Wikipedia
Mary Astor
am Joer 1928
Gebuertsnumm Lucile Vasconcellos Langhanke
Gebuer 3. Mee 1906
Gestuerwen 25. September 1987
Woodland Hills
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit USA
Aktivitéit Romancière, Theaterschauspillerin, Filmschauspillerin, Tëleesschauspillerin, Schrëftstellerin, Schauspillerin
Gielercher Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll, Stär um Hollywood Walk of Fame
Famill
Bestuet mat Manuel del Campo

Mary Altor, gebuer als Lucile Vasconcellos Langhanke den 3. Mee 1906 zu Quincy, Illinois, a gestuerwen de 25. September 1987 zu Woodland Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesch Schauspillerin an Autorin.

Si war a méi wéi 150 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn. Vun 1920 un huet si a Stommfilmer matgespillt. Duerno hat si dann och nach Erfolleg am Tounfilm. Zum Schluss vun hirer Karriär ass si vill an TV-Serien an TV-Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer mat hir sinn Dodsworth (1936) vum William Wyler mam Walter Huston a Paul Lukas, The Prisoner of Zenda (1937) vum John Cromwell mam Ronald Colman a Madeleine Carroll, The Hurricane (1937) vum John Ford mam Dorothy Lamour a The Maltese Falcon (1941) vum John Huston mam Humphrey Bogart a Peter Lorre.

Wéinst Krankheet huet si sech no 1964 vum Film zeréckgezunn.

Als Auteur huet si zwou Autobiographien an e puer Romaner geschriwwen.

Stommfilmer (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1930 bis 1939

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1964

[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Oscar 1942 als bescht Schauspillerin vun enger Nieweroll am Film The Great Lie

D'Mary Astor als Auteur

[änneren | Quelltext änneren]
  • My Story: An Autobiography (1959)
  • The Incredible Charlie Carewe (1963)
  • The O'Conners (1964)
  • Goodbye Darling, Be Happy (1965)
  • The Image of Kate (1966)
  • A Place Called Saturday (1968)
  • Life On Film (1969)
 Commons: Mary Astor – Biller, Videoen oder Audiodateien