Elizabeth Taylor

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Elizabeth Taylor
Taylor, Elizabeth posed.jpg
Portrait, wuel ëm 1955
Gebuertsnumm Elizabeth Rosemond Taylor
Gebuer 27. Februar 1932
Hampstead Garden Suburb
Gestuerwen 23. Mäerz 2011
Los Angeles
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA, USA
Aktivitéit Philanthrop, Autobiograph, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Schauspiller
Partei Republican Party
Famill
Bestuet mat Richard Burton, Richard Burton, Michael Wilding, Michael Todd, Eddie Fisher, John Warner, Larry Fortensky
Papp Francis Lenn Taylor
Mamm Sara Sothern
Kanner Maria Burton, Michael Wilding junior
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Elizabeth Rosemond Taylor, DBE, gebuer de 27. Februar 1932 zu London, a gestuerwen den 23. Mäerz 2011 zu Los Angeles, war eng britesch-US-amerikanesch Schauspillerin. Si huet hir Carrière als Kannerschauspillerin an de fréien 1940er ugefaangen a war ee vun de beléiftste Staren zu Hollywood an den 1950er. An den 1960er huet si hir Filmcarrière erfollegräich weidergefouert, a bis zum Rescht vun hirem Liewen ass si eng bekannt Perséinlechkeet bliwwen. 1999 huet den American Film Institute si déi "siwentgréisst weiblech Leinwandlegend" genannt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet an Jugendfilmer[änneren | Quelltext änneren]

D'Elizabeth Taylor gouf als Kand vu räichen a gesellschaftlech prominenten US-amerikaneschen Elteren zu London gebuer, déi 1939 mat hir op Los Angeles geplënnert sinn. Do gouf si relativ séier vu Universal Pictures ënner Vertrag geholl. Hire Leinwanddebut huet si 1942 an enger klenger Nieweroll am Film There's One Born Every Minute gemaach, mee Universal huet d'Zesummenaarbecht mat der Taylor no engem Joer nees gekënnegt . Duerno ass d'Elizabeth Taylor vu Metro-Goldwyn-Mayer (MGM) rekrutéiert ginn an huet hiren Duerchbroch mat National Velvet (1944) gefeiert. Dee Film huet aus hir ee vun dem Studio senge populäerste Jugendstare gemaach. An de fréien 1950er Joren huet si d'Transitioun zu Erwuesseneroll gepackt, wéi si am Kaméidistéck Father of the Bride (1950) matgespillt huet a vun de Kritiker fir hir Roll am Drama A Place in the Sun (1951) gelueft gouf.

Héichpunkt als Filmstar an den 1950er an 1960er[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel si ee vun de Stare war, deen MGM am meeschte Suen abruecht huet, wollt d'Elizabeth Taylor hir Carrière an de fréien 1950er un den Nol hänken. Hir huet dem Studio seng Kontroll net gepasst a vill vun de Filmer, déi si zougewise krut, hunn hir net gefall. Vun der Mëtt der 1950 u krut si Rollen, déi hir du besser gefall hunn, ugefaange mam epeschen Drama Giant (1956). An de Joren drop huet si an enger Rei kritesch a kommerziell erfollegräiche Filmer matgespillt, dorënner zwou Filmadaptatioune vun Theaterstécker vum Tennessee Williams: Cat on a Hot Tin Roof (1958) a Suddenly, Last Summer (1959). Fir dee leschten huet d'Taylor e Golden Globe als bescht Schauspillerin gewonnen. Obwuel hir d'Roll als Callgirl an hirem leschte Film fir MGM, Girl a BUtterfield 8 (1960), net gefall huet, krut si dofir en Oscar als bescht Schauspillerin.

Duerno huet si e Rekord gebrach wéi si fir hir Roll als Kleopatra am Film mam selwechten Numm eng Gage vun enger Millioun US-Dollar krut. Cleopatra (1963) war bis zu deem Zäitpunkt den deierste Film, dee jee gedréint gouf. Während den Dréiaarbechten hunn d'Taylor an hire Ko-Schauspiller, de Richard Burton, sech op eng Affär agelooss, déi e Skandal provozéiert huet. Trotz ëffentlechem Mëssfalen hunn de Burton a si hir Bezéiung weidergefouert an goufen 1964 bestuet. An den engleschsproochege Medie krute si de Spëtznumm "Liz and Dick". Zesummen hu si 11 Filmer gedréint, dorënner The V.I.P.s (1963), The Sandpiper (1965), The Taming of the Shrew (1967), a Who's Afraid of Virginia Woolf? (1966). Fir hir Roll am leschtgenannte Film krut d'Taylor déi bescht Kritiken an hirer Carrière, an huet een Oscar an e puer aner Präisser gewonnen. Si an de Burton hu sech 1974 scheede gelooss, mee sech kuerz drop erëm verdroen a sech 1975 nei bestuet. Ee Joer drop ass dat Bestietnes nees gescheet ginn.

Spéidert Liewen an Dout[änneren | Quelltext änneren]

An de spéiden 1960er huet der Taylor hir Schauspillcarrière ofgeholl, obwuel si bis an d'Mëtt der 1970er Joren weider Filmer gedréint huet. Duerno huet si sech drop konzentréiert, d'Carrière vun hirem sechste Mann, dem Senateur John Warner, ze ënnerstëtzen. An den 1980er huet si hir éischt gréisser Theaterrollen ugeholl an an e puer Fernsehfilmer a –serie matgespillt. Si war den éischte Prominenten, dee seng eege Parfumsmark lancéiert huet. Donieft war d'Taylor och e vun den éischte Staren, deen en HIV/AIDS-Aktivist war. Si huet 1985 d'American Foundation for AIDS Research an 1991 d'Elizabeth Taylor AIDS Foundation matgegrënnt. Vun de fréien 1990er bis zu hirem Doud huet si hir Zäit fir philanthropesch Aktivitéite benotzt. Dofir krut si eng Rei Auszeechnungen, dorënner d'Presidential Citizens Medal vum President vun de Vereenegte Staaten.

Hiert ganzt Liewen iwwer huet der Elizabeth Taylor hiert Privatliewen d'Medienopmierksamkeet op sech gezunn. Si war aachtmol mat siwe verschiddene Männer bestuet, hat schwéier Krankheeten an huet en Jet-Set-Liewe gelieft, während deem si eng vun de wäertvollste private Bijouskollektiounen an der Welt opgebaut huet. No laangjäreger Krankheet ass d'Elizabeth Taylor 2011 am Alter vun 79 Joer un engem Häerzversoe gestuerwen.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

D'Elizabeth Taylor am Film "Cleopatra" (1963)
D'Elizabeth Taylor bei der Presentatioun vun hirem Parfum (1987)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elizabeth Taylor – Biller, Videoen oder Audiodateien