Rex Harrison

Vu Wikipedia
Rex Harrison
Gebuer 5. Mäerz 1908
Huyton
Gestuerwen 2. Juni 1990
New York
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Liverpool College
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Lilli Palmer, Kay Kendall, Rachel Roberts, Elizabeth Rees-Williams
Kanner Noel Harrison, Carey Harrison

De Sir Rex Harrison, gebuer als Reginald Carey Harrison de 5. Mäerz 1908 zu Huyton an England a gestuerwen den 2. Juni 1990 zu New York City war en englesche Schauspiller.

Dem Rex Harrison seng Carrière als Schauspiller huet 1924 am Liverpool Repertory Theatre mat dem Stéck Thirty Minutes in a Street ugefaangen. Seng éischt Roll am Film krut hien am Joer 1930.

Bedeitend Filmer mat him sinn an den 1930er an 1940er Joren The Citadel (1938) vum King Vidor, Night Train to Munich (1940) vum Carol Reed an The Ghost and Mrs. Muir (1947) vum Joseph L. Mankiewicz.

Hien huet 1963 am Monumentalfilm Cleopatra d'Roll vum Julius Caesar nieft der Elizabeth Taylor als Kleopatra iwwerholl.

Weider huet hien am erfollegräiche Musical My Fair Lady vum George Cukor de Professer Henry Higgins gespillt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Auszeichnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1965: Oscar fir de beschte Schauspiller‎ am Film My Fair Lady
  • 1965: Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem Musical oder Kaméidisstéck am Film My Fair Lady

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rex Harrison – Biller, Videoen oder Audiodateien