Alida Valli
Alida Valli | |
---|---|
![]() Portrait vun 1947 | |
Gebuertsnumm | Baroneasa Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein-Frauenberg, Baroness Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein-Frauenberg |
Gebuer |
31. Mee 1921 Pula |
Gestuerwen |
22. Abrëll 2006 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Centro Sperimentale di Cinematografia |
Aktivitéit | Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Giancarlo Zagni, Oscar De Mejo |
Kanner | Carlo De Mejo |
D'Alida Valli, gebuer den 31. Mee 1921 zu Pola an Istrien, a gestuerwen den 22. Abrëll 2006 zu Roum, mam richtegen Numm Baroness Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein und Frauenberg, war eng italieenesch Schauspillerin.
Hir éischt Rollen hat d'Alida scho mat 15 Joer a klenge Rolle beim italieenesche Film. An de Joren drop gouf se déi beléiftsten a gefrotsten italieenesch Schauspillerin, si hat souguer de Spëtznumm "La Fidanzata d'Italia" (D'Fiancée vun Italien). D'Lidd "Ma l'amore no", dat s'am Film "Stasera niente di nuovo" (1942) gesongen huet, war jorelaang en Hit. 1943 huet s'an der däitsch-italieenescher Coproduktion "I pagliacci" (Bajazzo) no der Oper von Leoncavallo matgespillt. Well se sech weder vun Nazidäitschland, nach vum faschisteschen Italie fir Propagandazwecker aspane loosse wollt, huet se bis d'Enn vum Krich keng Filmrolle méi ugeholl.
Nom Krich huet se duerch e Kontrakt mam Produzent David O. Selznick probéiert, nees an d'Filmgeschäft ze kommen. Mä eréischt eng Roll am Alfred Hitchcock sengem The Paradine Case (1947) an d'Haaptroll - nieft dem Orson Welles an dem Joseph Cotten - an der Graham-Greene-Verfilmung "The Third Man" (1949, Regie: Carol Reed) huet hir international zum Duerchbroch verhollef. Duerno hat se zu Hollywood awer just nach méi kleng Rollen. 1951 ass se nees an Italien hannescht gaangen, wou s'ënner dem Luchino Visconti an dem Bernardo Bertolucci (Novecento) Filmer mat Succès gedréint huet.
Hir lescht Filmroll hat d'Alida Valli an "Semana Santa" (2002). Am Ganzen huet s'a méi wéi 130 Kinofilmer an Tëleesproduktioune matgeschafft. Do donieft hat si och am Theater gespillt, z. B. d'Gräfin Geschwitz am Frank Wedekind sengem Lulu an der Inszenierung vum Patrice Chéreau, oder a Stécker vum Gabriele D'Annunzio oder Henrik Ibsen.
Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- Il cappello a tre punte (1934) vum Mario Camerini
- L'ultima nemica (1937) vum Umberto Barbaro
- Sono stato io! (1937) vum Raffaello Matarazzo
- Mille lire al mese (1938) vum Max Neufeld
- Manon Lescaut (1939) vum Carmine Gallone
- Oltre l'amore (1940) vum Carmine Gallone
- L'amante segreta (1941) vum Carmine Gallone
- T'amerò sempre (1943) vum Mario Camerini
- Il canto della vita (1945) vum Carmine Gallone
- Eugenia Grandet (1947) vum Mario Soldati
- The Paradine Case (1947) vum Alfred Hitchcock
- The Miracle of the Bells (1948) vum Irving Pichel
- The Third Man (1949) vum Carol Reed
- The White Tower (1950) vum Ted Tetzlaff
- Walk Softly, Stranger (1950) vum Robert Stevenson
- Les Miracles n'ont lieu qu'une fois (1951) vum Yves Allégret
- Les Amants de Tolède (1953) vum Henri Decoin
- Senso (1954) vum Luchino Visconti
- Il grido (1957) vum Michelangelo Antonioni
- This Angry Age (1958) vum René Clément
- Les bijoutiers du clair de lune (1958) vum Roger Vadim
- Les yeux sans visage (1960) vum Georges Franju
- Signé Arsène Lupin (1959) vum Yves Robert
- Le dialogue des Carmélites (1960) vum Philippe Agostini a R.L Bruckberger
- Le gigolo (1960) vum Jacques Deray
- Une si longue absence (1961) vum Henri Colpi
- Il disordine (1962) vum Franco Brusati
- Homenaje a la hora de la siesta (1962) vum Leopoldo Torre Nilsson
- Ophelia (1963) vum Claude Chabrol
- Umorismo in nero (1965) - Sketch: La cornacchia - Regie: Giancarlo Zagni
- Edipo re (1967) vum Pier Paolo Pasolini
- La strategia del ragno (1970) vum Bernardo Bertolucci
- Le champignon (1970) vum Marc Simenon
- La prima notte di quiete (1972) vum Valerio Zurlini
- Lisa e il diavolo (1973) vum Mario Bava
- La chair de l'orchidée (1975) vum Patrice Chéreau
- Novecento (1976) vum Bernardo Bertolucci
- Le jeu du solitaire (1976) vum Jean-François Adam
- Cassandra Crossing (1976) vum George P. Cosmatos
- Suspiria (1977) vum Dario Argento
- Porco mondo (1978) vum Sergio Bergonzelli
- La luna (1979) vum Bernardo Bertolucci
- Zoo zéro (1979) vum Alain Fleischer
- Inferno (1980) vum Dario Argento
- Aquella casa en las afueras (1980) vum Eugenio Martin
- Le jupon rouge (1987) vum Geneviève Lefebvre
- À notre regrettable époux (1988) vum Serge Korber
- Il lungo silenzio (1993) vun der Margarethe von Trotta
- A Month by the Lake (1995) vum John Irvin
- Il dolce rumore della vita (1999) vum Giuseppe Bertolucci
- Semana santa (2002) vum Pepe Danquart
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Alida Valli – Biller, Videoen oder Audiodateien |