Istrien

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart vun Istrien
Pula, Haaptstad vum kroateschen Deel vun Istria

Istrien (Kroatesch a Sloweenesch: Istra, Italieenesch: Istria, Istresch: Eîstria, Latäin: Histria, Däitsch: Istrien, fréier och Histerreich) ass déi gréisst Hallefinsel an der nërdlecher Adria tëscht dem Golf vu Triest an der Kvarner-Bucht viru Rijeka. D'Fläch vun der ganzer Hallefinsel beleeft sech op 3.476 km².

D'Bezeechnung Istrien ass op den Numm vun den Histri, e Stamm vun den Illyrer, zeréckzeféieren; si hunn an der Antiquitéit an där Regioun gelieft.

Politesch Opdeelung[änneren | Quelltext änneren]

De weitaus gréissten Deel vun Istrien gehéiert zu Kroatien, een Deel am Norden zu Slowenien, an e klenge Landstreech ëm d'Uertschaft Muggia zu Italien. De kroateschen Deel vun Istrie bilt – mat Ausnam vum Gebitt ëm d'Stad Opatija - d'Gespanschaft Istrien (Bezierk) (kroatesch Istarska županija). Si erstreckt sech iwwer 2.813 km² an huet 206.344 Awunner (Vollekszielung vun 2001). Verwaltungssëtz vun der Gespanschaft Istrien ass d'Stad Pazin, déi bannen am Land läit.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Populatioun vun Istrien besteet majoritär aus Kroaten a Sloweenen. Besonnesch am Gebiitt laanscht d'Westüst wunnt eng méi oder wéineger grouss italieenesch Minoritéit. An de Bierger vum nordëstlechen Istrien gëtt an ettlechen Uertschaften Istroromanesch gesschwat. D'Bevëlkerung konzentréiert sech laanscht d'Küst, andeems d'Banneland nëmmen dënn besiidelt ass.

Vun den Awunner an de kroatesche Bezierker vun Istrien ware bei der Vollekszielung vun 2001 148.328 (71,88 %) Kroaten, 14.284 (6,92 %) Italieener, 6.613 (3,20 %) Serben, 3.077 (1,49 %) Bosnier, 2.032 (0,98 %) Albaner an 2.020 (0,98 %) Sloweenen. 8.865 (4,30 %) hu keng Nationalitéit (am offiziell definéierte Sënn) uginn, mä sech am regionale Sënn als (Istrianer) bezeechent. Déi gréisst Stad ass Pula. Istrien ass offiziell zweesproocheg: Italieenesch/Sloweenesch a Slowenien an Italieenesch/Kroatesch a Kroatien.

Geographie a Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Motovun am Hierscht, bannen an Istrien
Limfjord
Rovinj op der Westküst

D'Hallefinsel Istrien besteet gréisstendeels aus Kalleksteen. D'Küst ass an d'Déift gestaffelt, ettlech Mieresäerm wéi de Limfjord tëscht Vrsar a Rovinj oder d'Bucht vu Plomin, drënge wäit an d'Banneland eran an erënneren un d'Fjorden. Staark entwéckelt ass den Touristeverkéier laanscht d'Küst.

Wirtschaftlechen Zenter a gréisst Stad vun Istrien ass d'Hafestad Pula. Bekannte Plage gëtt et zu Medulin, Rovinj, Poreč, Ičići, Lovran, Medveja, Mošćenička Draga, Opatija an Umag am kroateschen, wéi och Koper, Portorož, Piran an Izola am sloweeneschen Deel.

Am nërdlechen a mëttleren Deel vun Istrie leien d'Uertschafte meeschtens op eegenaartegen Hiwwelen, wat der Landschaft e besonnesch typesche Charakter gëtt. De Bannendeel vun Istrien ass dënn bewunnt. Déi wichtegst Uertschafte si Motovun, Buzet, Buje an och Grožnjan, dat besonnesch duerch seng Artisten a duerch seng musikalesch Manifestatioune bekannt ass. D'Bevëlkerung lieft zanter Joerzéngten traditiounsgeméiss vum Tourismus, vun der Landwirtschaft oder schafft an de lokalen Industriebetriber. Wäibau ass an dëse Regiounen eng aner intensiv bedriwwen Aktivitéit. An der Géigend ëm Motovun ginn och Trüffele gesicht, déi vu verschiddene Kenner als déi bescht vun der Welt gerechent ginn. De Kaiserling (Amanita caesarea) gehéiert ausserdeem sengersäits zu den istresche Champignonsspezialitéiten.

D'Banneland ass räich un aussergewéinleche Monumenter. Dacks sinn et kleng, diskreet Kierchen, déi meeschtens gutt erhale Freskemolereien opzeweisen hunn. Am bekanntsten ass déi kleng Marienkierch vu Beram wéinst der Duerstellung vun engem grandiosen Doudesdanzzyklus. Op der südlecher Spëtzt vun der Hallefinsel ass d'Naturschutzgebitt Kap Kamenjak (Rt Kamenjak oder och Donji Kamenjak) mat senger eenzegaarteger Flora a Fauna.

D'Längt vun de Küste vun der westkroatescher Regioun Istrien erstreckt sech iwwer 537 Kilometer.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

De Roude-Buedem an Istrien

Istrien ass mat 2.380 Sonnestonne vum Klima begënstegt. Am Summer ass et normalerweis net ze waarm, an de Wanter ass mëll. Istrien erfreet sech enger duerchschnëttlecher Temperatur vu 14 °C am Joer.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Bei Pula, Rijeka (Kroatien) a Portorož (Slowenien) sinn international Fluchhäfen. Dee vu Pula ass souguer fir de Start an d'Landung vun der Boeing 747 (Jumbo Jets) amenagéiert, a gëtt vun der irescher Bëlleg-Fluchgesellschaft Ryanair benotzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun Istrien ass beweegt a komplex.

Fréigeschicht an Antike[änneren | Quelltext änneren]

Eng vun den eelsten nogewisene Siidlungen an Istrien, dat haitegt Premantura, geet bis an d'Bronzezäit zeréck. An der Antiquitéit war d'Hallefinsel als Histria bekannt. D'Réimer hunn hir Awunner fir d'éischt als wëll Séiraiber kennegeléiert, nodeem si den Noper Venetien agegliddert haten. Een éischte Virstouss an Istrien hunn d'Réimer 221 v. Chr. ënnerholl. Obschonn Istrie sech intensiv géint déi sukzessiv Attacke gewiert huet, ass et de Réimer gelongen, Istrien bis 178 v. Chr. vollstänneg z'erueweren. Bis zur Zäit vum Cäsar huet Istrien zum réimeschen Illyricum gehéiert. Ënner dem Augustus an Tiberius gouf Istrien eng Regioun vun Italien.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Danz vun den Doudegen (15. Joerhonnert)

Istrien gouf am 6. Joerhonnert vu Slawe besiidelt, déi allerdéngs vun de byzantinesche Keesere bezwongen an ënnerworf goufen. D'Langobarden hunn Istrien zwar verwüst, konnten et awer net erueweren.

Räich vun de Franken[änneren | Quelltext änneren]

789 huet de Fils vum Karel de Groussen Istrien eruewert an et ass dorophin an d'Frankeräich agegliddert ginn.

Héije Mëttellalter[änneren | Quelltext änneren]

Am héije Mëittelalter huet den Otto I. d'Mark Aquileia (zesumme mat der Mark Verona) ofginn. Si koum dunn u Kärnten. 1040 gouf Istrie vun Heinrich III. an eng eegen, vu Friaul ofgesonnert Markgrofschaft vum Hellege Réimesche Räich ëmgewandelt.

Duerch de Frddensvertrag vu Treviso 1291 gouf Venedeg definitiv Meeschter iwwer d'Küst vu Koper (Capodistra) bis op Rovinj (Rovigno) an d'Grofe von Görz kruten déi sougenannt Karstgebidder bannen am Land. Triest koum 1382 ënner d'Schutzherrschaft vun den Habsburger.

Fréi Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Dat venezianescht Istrien, dat sech haaptsächlech op d'Küst beschränkt huet, blouf véierhonnert Joer ënner venezianescher Herrschaft.

Eenegung[änneren | Quelltext änneren]

No dem Traité vu Campo-Formio 1797 huet Éisträich d'Land besat. Well et awer am Fridde vu Pressburg op de ganze "venezianesche Besëtz" huet misse verzichten, huet et och Istrien zwangsweis oftriede missen. Et gouf dunn Italien zougeschloen. 1813 hunn d'Éisträicher dat Gebitt nei besat. Mat der Opléisung vun der Republik Venedeg gouf Istrien 1815 erëm een Deel vum éisträichesche Keeserräich.

Éischte Weltkrich an duerno[änneren | Quelltext änneren]

Istrien ass ëmmer e politesche Spillball bliwwen. Well Italie seng Uspréch op Istrien net opginn hat, goufen him am Londoner Vertrag vum 26. Abrëll 1915 territorial Hoffnungen a Bezug op Istrien gemaach, mat dem Hannergedanken, fir et domat fir d'Alliéiert ze gewannen, an dat op d'Käschte vun de Sloweenen a Kroaten. Duerch de Vertrag vu Saint-Germain 1919 koum, nom Éischte Weltkrich, ganz Istrien bei Italien. De Grenzvertrag vu Rapallo 1920 huet dat och bilateral tëscht Italien an dem neigegrënnte Staat Jugoslawien confirméiert. Dat huet net verhënnert, datt an deem Raum méi Kroaten a Sloweenee gewunnt hu wéi Italieener. Fir déi demographesch Struktur zu Gonschte vun der italieenescher Bevëlkerungsgrupp ze veränneren, huet déi faschistesch Regierung vum Mussolini schikanös Moossname géint si geholl. Doropshin hu vill Kroaten a Sloweenen, wat bezweckt war, d'Land verlooss.

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich hu kroatesch a sloweenesch Partisane géint den italieenesche Faschismus a fir d'Vereenegung mat de jugoslawischen Deelrepubliken Kroatien a Slowenien gekämpft. No dem Frontewiessel vun Italien op d'Säit vun den Alliéierten am Joer 1943 konnten d'Partisanen deelweis op verschiddene Plazen an Istrien den italieeneschen Truppen d'Waffen ofhuelen an d'Muecht iwwerhuelen. Istrien ass awer du vun däitschen Truppe besat ginn, a gouf bis zum Fréijoer 1945 e Besatzungsgebitt, an d'Populatioun gouf deementspriechend behandelt. D'Vergeltungsmossname sinn dunn net ausbliwwen. D'Partisanen hu sech un der italieenescher Bevëlkerung gerächt. Vill Italieener si verhaft ginn, si si verschollen oder sinn ëmkomm. Eréischt wéi d'Amerikaner ageréckt sinn, huet d'Situatioun sech e bësse berouegt.

Iwwer 100.000 italieenesch-venezianesch Istrianer hunn als Verdriwwener, no 1945, Istrien wéinst der Repression duerch den Tito-Regime verlooss.

Jugoslawien, Fräien Territoire vun Triest[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Grënnung, 1945, vum zweete Jugoslawien ass den Haaptdeel zu der Deelrepublik Kroatien geschloe ginn, den nordwestlechen Deel vun Istrien huet fir unzefänken zum fräien Territoire vun Triest gehéiert. Wéi du 1954 de fräien Territoire vun Triest tëscht Jugoslawien an Italien opgedeelt ginn ass, gouf déi jugoslawesch Partie sengersäits an zwee gespléckt an ënner den Deelrepublike Slowenien a Kroatien opgedeelt. D'Gebitt ëm d'Stiedt Koper a Portorož koum zu Slowenien, dat méi südlecht Gebitt zu Kroatien. D'Grenzen tëscht Italien a Jugoslawien goufen 1975 am Vertrag vun Osimo definitiv vertraglech festgeluecht. Slowenien huet doduerch Zougank zum Mier kritt.

Zerfall vu Jugoslawien[änneren | Quelltext änneren]

Well de Grenzverlaf tëscht den Deelrepublike Kroatien a Slowenien net riguros festgeluecht waren, koum et ëmmer erëm zu terrtorial bedéngte Streidereien tëscht deene Länner.

D'Oftrennung vu Slowenien vum fréiere Jugoslawien ass ouni gréisser Problemer geschitt.

Dat war bei Kroatien net de Fall. Wärend dem Kroatien-Krich blouf déi Regioun trotz allem vun direkte Krichsawierkunge verschount a konnt domat eng grouss Zuel vu Flüchtlingen aus de serbesch besaten an "ethnesch gerengegtem" Deel vu Kroatien a Bosnien an Herzegowina ophuelen.

D'Wonnen aus den territorial bedéngte Konflikter am Raum vun Istrie sinn souguer haut nach net ganz geheelt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Harald Waitzbauer: Durch Istrien. Mit der Istrianischen Staatsbahn in die k.k. Adriaprovinz. Salzburg 1989 (op Däitsch)
  • D'Alessio, Vanni. Il cuore conteso. Il nazionalismo in una comunità multietnica nell'Istria asburgica. Filema Edizioni, Napoli 2003 (op ital.)
  • Antolini, Nicola. Slavi e Latini in Istria tra cinquecento e novecento: origini storiche e problemi del contesto multietnico istriano. (op ital.) Storicamente. n. 2, 2006 [1]
  • Bacicchi, Silvano; Gombač, Boris M.; Mattiussi, Dario. La deportazione dei civili sloveni e croati nei campi di concentramento italiani: 1942-1943: i campi del confine orientale, Centro Isontino di Ricerca e Documentazione Storica e Sociale "L. Gasparini", Gradisca d'Isonzo 2004 (op ital.)
  • Bartoli, Matteo. Le parlate italiane della Venezia Giulia e della Dalmazia. Tipografia italo-orientale. Grottaferrata 1919. (op ital.)
  • Benussi, Bernardo. L' Istria nei suoi due millenni di storia. Treves-Zanichelli. Trieste 1924. (op ital.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Istria – Biller, Videoen oder Audiodateien