Augustus

Vu Wikipedia
Augustus
Gebuertsnumm C. Octavius C.f.
Gebuer 23. September 63 v. Chr. jul.
Roum
Gestuerwen 19. August 14 jul.
Nola
Nationalitéit Réimescht Räich
Famill
Bestuet mat Clodia, Scribonia, Livia Drusilla
Papp Gaius Octavius
Mamm Atia
Geschwëster Octavia Minor, Octavia Maior
Kanner Julia

Den Augustus, gebuer den 23. September 63 v. Chr. als Gaius Octavius zu Roum, a gestuerwen den 19. August 14 n. Chr. zu Nola bei Neapel, war den éischte réimesche Keeser. Säi Keesertitel war Imperator Caesar Divi filius Augustus.

Hie war de Groussneveu an Haaptierwe vum Gaius Iulius Caesar, dee 44 v. Chr. ermuert gi war, an de Gewënner vun de Muechtkämpf déi d'Folleg dervu waren. Den Augustus war vun 31 v. Chr. bis 14 n. Chr. eenzegen Herrscher vum Réimesche Räich.

Hien huet d'Devis erausgi fir d'Republik nees ze restautréieren (restitutio rei publicae), ma a Wierklechkeet huet en de Staatssystem sou ëmgewandelt, datt eng Monarchie a Form vun engem Prinzipat entstanen ass. Domat huet hien dem Joerhonnert vun de réimesche Biergerkricher en Enn gesat an d'julesch-claudesch Keeserdynastie gegrënnt.

Wärend senger Herrschaft huet Roum sech mat vill Expansiounskricher vergréissert (z. B. Egypten, oder vun der gallescher Westgrenz an den Alpen bis bei de Rhäin an d'Donau), no banne war et eng laang Friddens- a Konsolidéierungsphas, déi als Pax Augusta verkläert gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ernst Baltrusch, Christian Wendt (Hrsg.), Der Erste. Augustus und der Beginn einer neuen Epoche, Zaberns Bildbände zur Archäologie. Sonderbände der Antiken Welt, Wissenschaftliche Buchgesellschaft Darmstadt 2016, ISBN 978-3-8053-5033-4.
  • Jochen Bleicken: Augustus. Eine Biographie. Alexander Fest, Berlin 1998, ISBN 3-8286-0027-1. Neuauflage mit Nachwort von Uwe Walter, Rowohlt, Reinbek 2010, ISBN 978-3-499-62650-0.
  • Jochen Bleicken: Verfassungs- und Sozialgeschichte des Römischen Kaiserreiches. 2 Bände, 3. respektiv 4. Auflage, Schöningh, Paderborn 1981, ISBN 3-8252-0838-9, ISBN 3-8252-0839-7.
  • Klaus Bringmann, Thomas Schäfer: Augustus und die Begründung des römischen Kaisertums. Akademie-Verlag, Berlin 2002, ISBN 3-05-003054-2 (Studienbuch mit Quellenteil).
  • Klaus Bringmann: Augustus. Primus, Darmstadt 2007, ISBN 978-3-89678-605-0.
  • Werner Dahlheim: Augustus. Aufrührer – Herrscher – Heiland. Eine Biographie. C. H. Beck, München 2010, ISBN 978-3-406-60593-2
  • Jörg Fündling: Das Goldene Zeitalter. Wie Augustus Rom neu erfand. WBG, Darmstadt 2013, ISBN 978-3-86312-035-1.
  • Heinrich Schlange-Schöningen: Augustus. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 2005, ISBN 3-534-16512-8 .
  • Pat Southern: Augustus. Magnus, Essen 2005, ISBN 3-88400-431-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gaius Iulius Caesar Octavianus Augustus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.