Fluchhafen

E Fluchhafen ass eng ëffentlech Fluchplaz mat Infrastruktur, iwwer déi generell kommerziell Flich gemaach ginn. Jee no Sproochgebrauch kann een och Militärfluchplazen zu de Fluchhäfen zielen. Op engem Fluchhafe gëllen dacks méi héich Sécherheetsstandarde wéi z. B. op engem Fluchfeld.
Fluchhäfe si meescht gutt iwwer d'Stroossennetz z'erreechen an op den Transport vu Passagéier a Cargo ausgeluecht. Dofir kënne Fluchhäfen och un d'Schinnennetz (Zuch, Metro, Tram) ugeschloss sinn.
Fir am Fall vun engem Accident séier kënnen anzegräifen, fënnt een op deene meeschte Fluchhäfe Pompjeeën a Rettungsdéngschter. Aner Infrastrukture sinn den Tower, Hangaren, Terminaler an deenen d'Passagéier kënnen an- an auschecken an u Bord vum Fliger goen, Restauranten, Butteker, Büroe fir d'Police an d'Douane, asw. E grousse Fluchhafen kann iwwer 100 km² grouss sinn an Zéngdausende Leit beschäftegen.
De Fluchhafe Lëtzebuerg läit nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Gebitt vun de Gemengen Nidderaanwen a Sandweiler.
Fluchhäfe mat de meeschte Passagéier
[änneren | Quelltext änneren]| Rang 2024 | Numm vum Fluchhafen | Land a Stad | Code (IATA/ICAO) | Passagéier 2024[1] |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Hartsfield-Jackson Atlanta International Airport | ATL/KATL | 108.067.766 | |
| 2. | Dubai International Airport | DXB/OMDB | 92.331.506 | |
| 3. | Dallas/Fort Worth International Airport | DFW/KDFW | 81.817.864 | |
| 4. | Tokyo Haneda International Airport | HND/RJTT | 85.900.617 | |
| 5. | London Heathrow Airport | LHR/EGLL | 863.884.572 | |
| 6. | Denver International Airport | DEN/KDEN | 82.358.744 | |
| 7. | Istanbul Airport | IST/LTFM | 80.073.252 | |
| 8. | O'Hare International Airport | ORD/KORD | 80.043.050 | |
| 9. | Indira Gandhi International Airport | DEL/VIDP | 77.820.834 | |
| 10. | Shanghai Pudong International Airport | PVG/ZSPD | 76.787.039 |
Zum Verglach: am Joer 2024 goufen um Fluchhafe Lëtzebuerg 5.209.656 Passagéier gezielt[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fluchhäfen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ World’s Busiest Airports Revealed in Final Global Rankings | ACI World (08.07.2025). Gekuckt den 29.12.2025.
- ↑ (fr) Passagers. data.public.lu. Gekuckt den 29.12.2025.